Telefon
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Telefon, fréier och Telephon (zesummegesat aus dem Algr. τῆλε (tēle) „wäit“ a φωνή phōnē „Laut, Toun, Stëmm, Spooch“; de Begrëff gouf vum Philipp Reis geprägt), ass e Kommunikatiounsmittel, fir Téin a speziell Sprooch mat elektresche Signaler z'iwwerdroen.
Den Telefonsystem besteet aus dräi Haaptkomponenten:
- dem Apparat fir de Schall an elektresch Signaler an nees zréck ze verwandelen a Komponente fir d'Verbindung ze steiern, also den Telefonsapparat;
- d'Relais-Alag;
- de Kanal fir d'Verbindung z'iwwerdroen – ursprénglech war et en duebele Kabel ënner Gläichstroum, haut och Zäitschlitzen oder Funkkanäl.
Inhaltsverzeechnes |
Telefonsapparat [änneren]
An den Telefonapparate gëtt de Schall duerch e Mikrofon an elektresch Signaler ëgewandelt a beim Emfänger nees als Schallwell erausginn.
Weider Komponente steiern den Oflaf vun enger Verbindung. Dat ass de Gabelumschalter, den Nummereschalter (fréier eng Dréischeif, haut Tasten) fir eng automatesch oder hallefautomatesch Verbindung opzestellen ("een uruffen") an en Rëtsch weider Fonctiounen, fir eng Verbindung virunzeleeden, asw.
Dann huet en Telefon eng Schell fréier war dat eng physesch Schell, déi elektromagnéitesch aktivéiert gouf, hat ass dat en elektronescht Signal iwwer en Haut-parleur.
Mobiltelefonie [änneren]
Den Handy (och GSM oder méi siele Mobiltelefon genannt),ass e portabelen Telefon, deen iwwer Funk mam Telefonsreseau kommunizéiert an dofir iwwerall agesat ka ginn, wou sou eng Funkverbindung méiglech ass.
Geschicht vum Telefon [änneren]
D'Geschicht vum Telefon fänkt 1837 un, wéi den US-Amerikaner Samuel F. B. Morse de Morsetelegraph konstruéiert huet. Domat gouf d'Grondlag vum Telefon, neemlech elektresch Signaler iwwer Leitungen ze iwwerdroen, geluecht. Éischt Telefonsapparater fir Sprooch z'iwwerdroe goufen ë. a. vum Innocenzo Manzetti, Antonio Meucci, Tivadar Puskás, Philipp Reis, Elisha Gray an Alexander Graham Bell. Von diesen frühen Nëmmen de Bell huet et als éischte fäerdeg bruecht, dat ganz als System z'entwécklen an e Maart dofir opzebauen. 1876 huet hien zu Boston den Telefon als éischte praktesch agefouert.
D'Apparater sinn no an no teschnech verbessert ginn, sou datt d'Distanz tëscht hirer zwéin ëmmer méi grouss kunnt ginn. Eng weider Entwécklung war et, datt deen deen uruffe wollt, selwer säi Korrespodent wiele kunnt (an net iwwer eng Zentral vermëttelt huet misse ginn).
-
W48, 1950er Joren
Den Telefon zu Lëtzebuerg [änneren]
De 14. Januar 1885 ass an der Stad Lëtzebuerg an hire Faubourgen dat éischt Telefonsnetz am Land a Betrib gaangen.
Kuckt och: Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg.
Literatur [änneren]
- Stefan Münker und Alexander Roesler (Hrsg.): Telefonbuch: Beiträge zu einer Kulturgeschichte des Telefons. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2000, Edition Suhrkamp 2174
- Jörg Becker (Hrsg.): Fern-sprechen: internationale Fernmeldegeschichte, -soziologie und –politik. Vistas, Berlin 1994
- Kaszynski, Schönhoff: Fernsprechendgeräte. Verlag Technik, Berlin 1991.
- Christel Jörges (Hrsg.): Telefone 1863–2000: aus den Sammlungen der Museen für Kommunikation. Edition Braus, Heidelberg 2001 (Kataloge der Museumsstiftung Post und Telekommunikation, 9)
- Margret Baumann und Helmut Gold (Hrsg.): Mensch Telefon. Aspekte telefonischer Kommunikation. Mit Beiträgen von Eva Apraku…, Umschau/Braus, Heidelberg 2000 (Kataloge der Museumsstiftung Post und Telekommunikation, 8)
- François Smesny (Hrsg.): Telefongeschichten O-Ton-Produktion, Berlin 2010 ISBN 978-3-9810256-9-9
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Telefon – Biller, Videoen oder Audiodateien |