Thorunn Egilsdottir

Vu Wikipedia
Thorunn Egilsdottir
Gebuer 3. Mäerz 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Radiosspeaker, Sänger, Mannequin, Kënschtler

D'Thorunn Egilsdottir, meeschtens einfach Thorunn genannt, gebuer den 3. Mäerz 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng islännesch-lëtzebuergesch Kënschtlerin. Se huet als Model, Tëleepresentatrice, Schauspillerin, Radiopresentatrice a Sängerin geschafft.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Thorunn ass 1975 zu Lëtzebuerg als Kand vun islänneschen Eltere gebuer an 1989 mat hiren Elteren zeréck an Island gaangen, wou si hire Lycée fäerdeggemaach huet an niewebäi och eng kleng lokal Gesankscarrière ugefaangen huet. 1996 ass se op Aix-en-Provence geplënnert, fir do Literatur ze studéieren, an duerno als Manager a Privatbanken ze schaffen. Dat huet hir schlussendlech awer net wierklech zougesot, a sou huet se bei engem RTL-Casting matgemaach, bei deem se fir déi lëtzebuergesch Televisoun entdeckt gouf (RTL Boulevard, 20vir, The One...). No siwe Joer bei RTL ass se bei de Groupe Saint-Paul gewiesselt, wou se haaptsächlech als Speakerin um DNR, zum Beispill an den Emissioune City-Brain a Friday Punch schafft, a Lifestyle-Artikele fir den Télécran schreift.[1]

Als Model huet d'Thorunn zu Lëtzebuerg ënner anerem fir d'Entreprise Lampertz, Optique Himmes, Toyota an d'Fortuna Bank Reklamm gemaach.

2008 ass d'Thorunn hallefzäiteg op Berlin geplënnert fir mat hirem Liewenspartner u musekaleschen a publizistesche Projeten ze schaffen. Am Mäerz 2010 huet déi däitsch Boulevardpress wéinst enger méiglecher Liaisoun mam Schauspiller Til Schweiger kuerzzäiteg Intressi un hir gewisen, mä am Juli 2010 huet si sech mam dänesche Kulturjournalist Thomas Schoos a Schottland bestuet.[2],[3]

2011 huet d'Thorunn, zesumme mat hirem Mann an dem Zeechner Marc Angel-Romera ("Mangro") de Kannercomic Pelle Svensson und die Republik der Tiere mat enger Oplo vun 3.500 Stéck op Franséisch an Däitsch erausbruecht, an ass Mamm ginn.[4],[5] D'Joer drop huet si fir d'éischt fir déi däitsch Autosendung Motorvision on Tour geschafft.[6] Am Hierscht 2013 huet d'Thorunn un der drëtter Staffel vun der däitscher Castingshow The Voice of Germany deelgeholl, wou si virun der Halleffinal erausgewielt gouf.[7],[8]

2014 huet d'Thorunn mat dräi Museker ënner dem Numm When 'Airy Met Fairy d'EP mam selwechten Numm opgeholl.[9]

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Solokënschtlerin[änneren | Quelltext änneren]

Albumen:[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: The Moment in Between (Roxcom)
  • 2008: Superfishreality (Eegeproduktioun)
  • 2010: The Jar

Singelen:[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Complicated
  • 2006: Bandits
  • 2006: The Moment in Between
  • 2007: Planet of Happiness
  • 2007: One Day (zu Gonschte vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse)
  • 2008: Lovestory
  • 2009: Ghost
  • 2012: Gone, Gone, Gone
  • 2012: Labyrinth of Love
  • 2013: The Scientist

Als When 'Airy Met Fairy[änneren | Quelltext änneren]

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: When 'Airy Met Fairy

Als Gaaschtsängerin[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: The Luscious Ladies Project (Album)
  • 2008: Bandits (Single vu SixPax)
  • 2009: Libero come Erminio (Album vum Cico)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thorunn Egilsdottir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: Thorunns Sendung jetzt auf Englisch (13. Oktober 2011; gekuckt de 27. Oktober 2013)
  2. bunte.de: Flirtet er mit dieser Blondine? (23. Mäerz 2010; gekuckt de 27. Oktober 2013
  3. wort.lu: Thorunn unter der Haube (9. Juli 2010; gekuckt de 27. Oktober 2013)
  4. lessentiel.lu: Thorunn geht unter die Comic-Autoren (4. Oktober 2011; gekuckt de 27. Oktober 2013)
  5. luxprivat.lu: 23.08.2012 / Thorunn Egilsdottir - Nach Babypause erfolgreich wie nie (gekuckt de 27. Oktober 2013)
  6. wort.lu: Thorunn gibt jetzt Gas (9. Mäerz 2012; gekuckt de 27. Oktober 2013)
  7. klatsch-tratsch.de: “The Voice”: Alles über Thorunn Egilsdottir, die Waschbärenfrau (19. Oktober 2013; gekuckt de 27. Oktober 2013)
  8. wort.lu: Thorunn scheidet bei „The Voice“ aus (6. Dezember 2013; gekuckt den 13. Dezember 2013)
  9. tonschulz.de: Thorunn Egilsdottir & Band (22. Februar 2014)