Uhu

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Uhu
Uhu (Bubo bubo)

Uhu (Bubo bubo)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen (Aves)
Ënnerklass Passerae
Uerdnung: Eilen (Strigiformes)
Ënneruerdnung: Strigi
Famill: Uhuen (Strigidae)
Gattung: Bubo
Aart: Uhu
Wëssenschaftlechen Numm
Bubo bubo
(Linnaeus, 1758)
Verbreedung vum Uhu an Europa an an Asien

Den Uhu (Bubo bubo) ass eng Vullenaart aus der Gattung vun den Uhuen (Bubo), déi zu der Uerdnung vun den Eilen (Strigiformes) gehéiert.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Numm

Den Numm „Uhu“ ass eng Onomatopee a geet op de Balzruff vum Déier zréck.

Lokalvarianten am Lëtzebuergesche sinn[1]: Uhub, Hubb, Hubo, Hugo, Schuhu, Juhu, grouss Huereil a grouss Hueréchel.

[änneren] Beschreiwung

Den Uhu ass déi gréisste rezent Eilenaart op der Äerd. D'Weibercher sinn e gutt Stéck méi grouss wéi d'Männercher. Wat een an Europa méi vu Südwesten no Nordoste geet, wat, d'Uhue méi grouss ginn.

D'Gesiicht vun engem Uhu

De Kapp ass grouss an huet opfälleg laang Plommenoueren, déi normalerweis schif no ënnen oder no der Säit ewechstinn. Am Gesiicht huet den Uhu deen typesche Gesiichtsschleier. A Mëtteleuropa sinn d'Fiedere vum Kierper hellbrong mat donkelbronge Sträifen. De Réck ass méi donkel wéi de Bauch an d'Flilleken ënnendrënner méi hell wéi uewendrop.

Uhue liewen an Nordafrika, Europa an Asien. An Europa gëtt et en net an Nordfrankräich, op de briteschen Inselen an op Island. Et gëtt geschat, datt et an Europa eng 2000 Uhuskoppele gëtt.

[änneren] Kascht

Den Uhu ass e Raubvull an erniert sech vun Déieren, déi e fänkt an doutmécht. Dat ass esou zimlech alles, wat e meeschter gëtt: all méiglech Vijel, Knabberdéieren (Raten, Mais, Kaweechelcher,...), Kannéngercher, Fiiss, Marderen, asw. Wann e soss näischt fënnt erniert e sech och vun Déieren, déi schonns dout sinn.

[änneren] Ënneraarten

  • B. b. bubo: Europa vun de Pyrenäen bis an Nordwest-Russland (Pechora-Floss) an d'Ukraine.
  • B. b. hispanus: Iberesch Hallefinsel, Bëscher am Atlas an Nordafrika.
  • B. b. ruthenus: ëstlech vun der Linn déi sech vum Floss Pechora iwwer Moskau bis do wou d'Wolga an d'Kaspescht Mier leeft, a weider bis Westsibirien zitt.
  • B. b. interpositus: Moldawien, Stepperegioune vun der Ukraine mat Krim, Kaukasus, Klengasien, Nordwest-Iran, Nord-Irak, Syrien a Palestina.
  • B. b. sibiricus: West-Sibirien a Baschkortostan bis bei de Mëttelen Ob an d'West-Altai-Bierger. No Norden hi bis un de Bord vun der Taiga.
  • B. b. yenisseensis: Zentral-Sibirien bis un den nërdleche Bord vun der Taiga.
  • B. b. jakutensis: Nordost-Sibirien bis un den nërdleche Bord vun der Taiga.
  • B. b. ussuriensis: Südost-Sibirien, Nordchina, Sachalin an déi südlech Kurilen.
  • B. b. turcomonus: Ëstlech vun der Wolga bis an d'Westmongolei. Nërdlech bis un den Ural südlech bis bei d'Kaspescht Mier mat derbäi dem Turim-Déifland (Mëttelasien).
  • B. b. omissus: Turkmenien, Nordost-Iran bis Westchina.
  • B. b. nikolskii: Südirak, West-Iran bis Pakistan.
  • B. b. hemachalana: Westchina mam Tibet an Afghanistan.
  • B. b. kiautschensis: Korea an Nord-China bis bei d'Provënze Yunan a Sichuan.
  • B. b. swinhoei: Südostchina.

Säi Koseng an Amerika ass den Amerikaneschen Uhu (Bubo virginianus)

[änneren] Den Uhu zu Lëtzebuerg

Um Ufank vun dem 20. Joerhonnert konnt een zu Lëtzebuerg den Uhu nach an der Géigend vu Rolleng (Miersch), Mariendall, Marscherwald a Kautebaach fannen. 1928 soll hien nach am Ourdall an an der Veianer Géigend gebréit hunn, dono war den Uhu zu Lëtzebuerg als Brutvugel ausgestuerwen.[2]

An de 1970er Jore sinn erëm vereenzelt Uhuen am Land gesi ginn. 1982 huet dann nees fir d'éischt zënter Jorzéngten eng Koppel am Land gebréit, an zwar am Südosten,[3] an der Géigend vun Duelem. Zënterhir ass den Uhu op en neits fest zu Lëtzebuerg installéiert (15-20 Koppelen am Joer 2007).[4]

[änneren] Literatur

  • Aebischer, A.: Eulen und Käuze. Haupt, Bern 2008, ISBN 978-3-258-07276-0
  • Dahlbeck, L.: Der Uhu Bubo bubo (L.) in Deutschland. Shacker, Aachen 2003,ISBN 3-8322-1444-5
  • Nicolai, J.: Greifvögel und Eulen." Kompaß Naturführer. Gräfe und Unzer, München 1987, ISBN 3-7742-3805-7
  • Glutz von Blotzheim, U.N. (Hrsg.): Handbuch der Vögel Mitteleuropas. Bd. 9. Columbiformes – Piciformes. Aula, Wiesbaden 1994 (2.Aufl.), ISBN 3-89104-562-X
  • Hölzinger, J. & U. Mahler: Die Vögel Baden-Württembergs. Bd. 3. Nicht-Singvögel. Ulmer, Stuttgart 2001, ISBN 3-8001-3908-1
  • Bauer, H.G. & P. Berthold: Die Brutvögel Mitteleuropas. Bestand und Gefährdung. Aula, Wiesbaden 1997, ISBN 3-89104-613-8
  • König, C., F. Weick & J.H. Becking: Owls - A Guide to the Owls of the World. Pica Press, Sussex 1999, ISBN 1-873403-74-7
  • Leditznig, C.: Zur Ökologie einer Uhupopulation im Südwesten NÖ's. Diss. Univ. Bodenkultur, Wien, 203 pp
  • Lindner, M.: Reproduktion des Uhus ( Bubo bubo ) in stillgelegten und betriebenen Steinbrüchen im Sauerland. Artenschutzreport 17, 2005: 15-19
  • Mebs, T.: Eulen und Käuze. Alle europäischen Eulen und Käuze. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1987, ISBN 3-440-05708-9
  • Mebs, T. & W. Scherzinger: Die Eulen Europas. Franckh-Kosmos, Stuttgart 2000, ISBN 3-440-07069-7
  • Piechocki, R.: Der Uhu. Neue Brehm-Bücherei 108, A. Ziemsen, Wittenberg 1985, ISBN 3-89432-421-X

[änneren] Referenzen

  1. Klees, H. (1981): Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): 56.
  2. Massard, J.A. & G. Geimer (1993): Initiation à l’écologie. Principes généraux de l’écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l’environnement au Grand-Duché de Luxembourg. 2e édition. Luxembourg, Ministère de l’Education nationale, S. 135 (Le Hibou grand-duc).
  3. Schmitz, J.P. (1982): Erste sichere Uhubrut seit 1904 in Luxemburg. Regulus, 1982 (4): 200-201.
  4. Lorgé, P. & T. Conzemius (2007): Der Uhu Bubo bubo in Luxemburg. Regulus Wissenschaftliche Berichte, 22: 36-41.

[änneren] Kuckt och

Commons: Uhu (Bubo bubo) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen