Wilhelmus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Hymn Wilhelmus. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Wilhelmus (Homonymie).

De Wilhelmus ass d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg.

Den Text[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Text gouf 1915 vum Willy Goergen geschriwwen. 1919 bei Geleeënheet vum Bestietnes vun der Groussherzogin Charlotte mam Prënz Félix, huet den Nik Welter den Text als Hymn fir d'Haus Lëtzebuerg-Nassau-Bourbon ëmgeschriwwen an huet dobäi dem Goergen seng éischt Stroph ewechgelooss.

De Wilhelmus gëtt gespillt wa bei enger Zeremonie e Member vum groussherzoglechen Haus ukënnt oder fortgeet.

1. Versioun

I
Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f,
ko'men ausenâner weit an de'f;
Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f,
hunn och stëll gebiet datt Fridde ge'f:
Haut weisen si der ganzer Welt
en engem Feld
d'Goldlilje mat dem ro'de Kro'nele'w;
Haut dron s'a jongem Glëck Hand an Hand
d'Hoffnonk vun dem Letzeburger Land.

II
D'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk
fle'ßt durch d'Blutt ons we' e Feierdronk:
d'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk
mëcht âl Hierzer an âl Zeite jonk.
An op de Fielzen un der Our
de wei en Tur
hieft himmelhe'ch eng sche'n Erënneronk.
Haut dre't e stolzt Geschlecht Hand an Hand
Nuem a Le'ft vum Letzeburger Land.

III
Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt,
t'gong fir d'Freihét an et gong fir d'Land;
mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt,
d'E'er agesat zum Ennerpand.
A wann eng nei Gefôr en drêt,
mir si berêt,
mir halen nês mat Hierz a Wëlle stand;
Da stêt rem fro' a stolz Hand an Hand
Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land.

IV
So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn,
Fürst a Vollek Frêd we' Lêd mat drôn;
So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn,
Ganz hir Pflicht ge'nt sech an d'Hémecht dôn;
E starke Stâm an âler Erd,
an duebel wert
mat freier Kro'n voll Saft a Sonn ze stôn.
O Herrgott, lêt du trei Hand an Hand
d'Kanner vun dem Letzeburger Land!

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Menager, Laurent, 1898. Die Hymne: Wilhelmus von Nassauen. Hémecht: 464-469. [mat Nouten]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]