(10806) Mexico

Vu Wikipedia
(10806) Mexico
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Hygiea-Famill
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,1885 A.E.
Peridatum 13. August 2010
Exzentrizitéit 0,1090
Sideresch Ëmlafzäit 5,69 a
Mëttel Bunnvitess 16,68 km/s
Inklinatioun 6,1630 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 6–14 km
Absolut Hellegkeet 13,1M
Spektralklass C (?)
Entdeckung
Entdecker Eric Walter Elst
Entdeckungsdatum 23. Mäerz 1993
Plaz Observatoire de Calern
Aner Bezeechnungen 1993 FA2, 1987 DB5, 1998 BZ10


Den (10806) Mexico ass en Asteroid vun der baussenzeger Haaptceinture.

Den Objet gouf den 23. Mäerz 1993 vum belschen Astronom Eric Walter Elst um Schmidt-Teleskop vum franséischen Observatoire de Calern bei Grasse entdeckt. Net konfirméiert Obsevatioune vum Asteroid hat et schonn den 23. Februar 1987 ënner der virleefeger Bezeechnung 1987 DB5 um selwechten Observatoire ginn.

Den Asteroid gehéiert zu der Hygiea-Famill. De gréisste Member vun där Grupp ass den Asteroid (10) Hygiea. D'Bunnelementer vum (10806) Mexico si bal identesch mat deene vu fënnef méi klengen Asteroiden, wann ee vun der absolutter Hellegkeet vu 14,4, 14,1, 15,4, 16,2 a 15,7 géigeniwwer 13,0 ausgeet: (78528) 2002 RO98, (86240) 1999 TU119, (191516) 2003 US112, (229872) 2009 UB30 an (231386) 2006 JU54.

Den Asteroid (10806) Mexico gouf den 9. Mee 2001 nom Land Mexiko genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]