(10) Hygiea

Vu Wikipedia
(10) Hygiea
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp baussenzegen Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,140 A.E.
Exzentrizitéit 0,1168
Sideresch Ëmlafzäit 5 a 206 d
Mëttel Bunnvitess 16,8 km/s
Inklinatioun 3,84 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 500 × 385 × 350 km
Mass ≈ 9 • 1019
Mëttel Dicht 2,6 g/cm3
Rotatiounsperiod 27,6 h
Albedo 0,07
Absolut Hellegkeet 5,4M
Spektralklass C
Entdeckung
Entdecker Annibale de Gasparis
Entdeckungsdatum 12. Abrëll 1849
Plaz Neapel
Aner Bezeechnungen A900 GA


Den (10) Hygiea (fréier (10) Hygieia) gouf no der Hygieia, der Duechter vum Heelgott Asklepios aus der griichescher Mythologie, genannt. Den Asteroid gouf vum Annibale de Gasparis den 12. Abrëll 1849 zu Neapel, Italien entdeckt. Mat engem mëttleren Duerchmiesser vu 409 Kilometer ass den Hygiea deen drëttgréisste bekannten Asteroid an der Haaptceinture. Spektroskopesch Ënnersich hunn erginn, datt déi cheemesch Zesummesetzung vum Hygiea opfälleg där vun de kuelestoffhaltege Meteoritte Warrenton an Ornans gläicht. Méiglecherweis ass den Hygiea den Urspronkskierper vun dëse Meteoritten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: (10) Hygiea – Biller, Videoen oder Audiodateien