(190) Ismene
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Baussenzeg Haaptceinture |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 3.982 A.E. |
Peridatum | 26.08.2013 |
Exzentrizitéit | 0.1645 |
Sideresch Ëmlafzäit | 7 a 346 d |
Mëttel Bunnvitess | 14,8 km/s |
Inklinatioun | 6.17 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 159 km |
Rotatiounsperiod | 6,5 h |
Albedo | 0,07 |
Absolut Hellegkeet | 7,6M |
Spektralklass | P |
Entdeckung | |
Entdecker | C. H. F. Peters |
Entdeckungsdatum | 22. September 1878 |
Plaz | Clinton |
Aner Bezeechnungen | 1947 QJ = 1951 DB |
Den (190) Ismene ass en Asteroid vun der baussenzeger Asteroiden-Haaptceinture. Hie gouf den 22. September 1878 vum Christian Heinrich Friedrich Peters entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Ismene, der Duechter vum Ödipus an der Iokaste aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Ismene beweegt sech op enger Distanz vun 3,3 (Perihel) bis 4,6 (Aphel) A.E. an 8,0 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 16,2° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,16. Den Ismene huet en Duerchmiesser vu ronn 160 Kilometer. En huet eng donkel kuelestoffhalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,07. An zirka 6,5 Stonne rotéiert en ëm déi eegen Achs.
Den Ismene gehéiert zu den Hilda-Asteroiden, enger Grupp vun Asteroiden, déi an enger 3:2 Bunnresonanz mam Planéit Jupiter ëm d'Sonn lafen.