(2101) Adonis

Vu Wikipedia
(2101) Adonis
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,8738 A.E.
Exzentrizitéit 0,7649
Sideresch Ëmlafzäit 936,9 Deeg
Mëttel Bunnvitess 21,76 km/s
Inklinatioun 1,348 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,5 bis 1,2 km
Absolut Hellegkeet 18,7M
Spektralklass C
Entdeckung
Entdecker E. Delporte
Entdeckungsdatum 12. Februar 1936
Plaz Observatoire royal de Belgique
Aner Bezeechnungen 1936 CA


Den (2101) Adonis ass en äerdnoen Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunn d'Äerdbunn kräize kann.

Den Adonis gouf den 12. Februar 1936 vum Eugène Delporte entdeckt an nom Adonis, engem schéine Jong aus der griichescher Mythologie genannt.

Den Asteroid goung spéider verluer a konnt eréischt 1977 nees zeréckentdeckt ginn. Berechnungen hu gewisen, datt den Adonis am Joer 1926 bis op 2,5 Millioune Kilometer un eis Äerd eru koum.

Den Adonis leeft op enger exzentrescher Bunn tëscht 0,4406 AE (Perihel) an 3,3069 AE (Aphel) an 2,56 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,7649, woubäi d'Bunn 1,348° géint d'Ekliptik gebéit ass.

D'Gréisst vum Adonis gëtt op 0,5 bis 1,2 km geschat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie