Op den Inhalt sprangen

(29) Amphitrite

Vu Wikipedia
(29) Amphitrite
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,555 AE
Exzentrizitéit 0,073
Sideresch Ëmlafzäit 4,08 a
Mëttel Bunnvitess 18,6 km/s
Inklinatioun 6,09 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser (212 ± 7) km
Mass 1,18 × 1019 kg
Mëttel Dicht 2,36 ± 0,26 g/cm3
Rotatiounsperiod 5h 24m
Albedo 0,18
Absolut Hellegkeet 5,9
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Albert Marth
Entdeckungsdatum 1. Mäerz 1854
Plaz London
Aner Bezeechnungen A899 NG

Den (29) Amphitrite ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 1. Mäerz 1854 vum Albert Marth entdeckt gouf. Den Asteroid gouf no der griichesch-réimescher Mieresgëttin Amphitrite, Duechter vum Nereus an der Doris, Fra vum Poseidon genannt.

Den Amphitrite huet e geschaten Duerchmiesser vun eppes méi wéi 200 Kilometer a gehéiert domat zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. E rotéiert a 5 Stonnen a 24 Minutten ëm déi eegen Achs.

Wärend der Oppositioun erreecht den Amphitrite eng visuell Magnitude vun 8,8m an ass ee vun den hellsten Asteroiden um Nuetshimmel. Fir en ze fanne brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.

Stationär,
da réckleefeg
OppositiounDistanzHellegkeetStationär,
da rechtleefeg
Konjunktioun
22. Januar 201312. Mäerz 20131,62243 AE9,1 mag2. Mee 20136. November 2013
6. Mee 201424. Juni 20141,69407 AE9,5 mag13. August 201415. Februar 2015
7. September 201525. Oktober 20151,39680 AE8,7 mag8. Dezember 20153. Juli 2016

Portal Astronomie