(367943) Duende
|
| |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Aten-Asteroid |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 1,0018 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1081 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 1,00 a |
| Inklinatioun | 10,3369 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | zirka 46 m |
| Mass | zirka 130.000.000 kg |
| Absolut Hellegkeet | 24,4M |
| Entdeckung | |
| Entdecker | Observatorio Astronómico de La Sagra |
| Entdeckungsdatum | 23. Februar 2012 |
| Plaz | Observatorio Astronómico de La Sagra |
Den (367943) Duende (provisoresch Bezeechnung: 2012 DA14) ass en Äerdnoen Asteroid aus der Grupp vun den Aten-Asteroiden, dee bis de 15. Februar 2013 zu den Apollo-Asteroide gezielt huet. E gouf den 23. Februar 2012 um OAM Observatoire vu La Sagra a Spuenien entdeckt. En huet e geschaten Duerchmiesser vu 46 Meter (no aneren Donnéeën: 58 Meter[1]) an eng Mass vu ronn 130.000 Tonnen.
Rendez-vous am Februar 2013
[änneren | Quelltext änneren]Den (367943) Duende koum de 15. Februar 2013 bis op ronn 27.700 km un eis Äerd erun[2] (0,00016 AE), wat bannent der Ëmlafbunn vun de geostationäre Satellitte läit.
Den Asteroid hat eng visuell Magnitude vu 7,4 mag a war dofir net mat bloussem A ze gesinn. Déi klengst Distanz zu der Äerd gouf um 20:24 Auer (MEZ) iwwer Sumatra am ëstlechen Indeschen Ozean erreecht[2]. Duerch den noe Rendez-vous mat der Äerd huet d'Ëmlafbunn vum Asteroid sech geännert. E gëtt dofir net méi zum Apollotyp, mä zu den Aten-Asteroide gezielt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun äerdnoen Asteroiden
- 2008 TC3 – den éischten Asteroid, deem säin Aschlag op der Äerd am Viraus berechent gouf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Physikalische Merkmale von 2012 DA14 op nasa.gov
- Aschlagswahrscheinlechkeet vun 2012 DA14 op nasa.gov
- spaceweather.com Archiv 24.012.2012
- NASA Record Setting Asteroid Flyby 28. Januar 2013
- Sterne und Weltraum Asteroid 2012 DA14 schrammt an der Erde vorbei 6. Februar 2013
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ spaceweather.com Archiv 5. Feb. 2013
- 1 2 .Nasa-Bericht vum 04. Februar 2013
vereelzt Schätzung vun der ESA vum 15. Mäerz 2012