(6) Hebe

Vu Wikipedia
(6) Hebe
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,426 A.E.
Exzentrizitéit 0,2026
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 284 d
Mëttel Bunnvitess 18,9 km/s
Inklinatioun 14,75 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 195 km
Mass 1,4 • 1019kg
Mëttel Dicht 1,7 g/cm3
Rotatiounsperiod 7,3 h
Albedo 0,27
Absolut Hellegkeet 5,7M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker K.L. Hencke
Entdeckungsdatum 1. Juli 1847
Plaz Driesen
Aner Bezeechnungen 1947 JB


Den (6) Hebe ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 1. Juli 1847 vum Amateurastronom Karl Ludwig Hencke als sechsten Asteroid entdeckt gouf.

Den Himmelskierper gouf no der Hebe, der griichescher Gëttin vun der Jugend genannt.

Den Hebe beweegt sech op engem Perihel vun zirka 1,9 an op engem Aphel vun 2,9 astronomeschen Eenheeten, a ronn 3,8 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm eis Sonn. D'Bunn ass zirka 15° géint d'Ekliptik gebéit, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,20.

Mat engem Duerchmiesser vu ronn 195 km gehéiert den Hebe zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Hien huet eng relativ hell, silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,27. Wärend der Oppositioun erreecht den Asteroid Hebe eng Hellegkeet vun 9,2 mag. Fir den Asteroid ze fannen, brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]