(78) Diana

Vu Wikipedia
(78) Diana
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,6190 A.E.
Exzentrizitéit 0,2080
Sideresch Ëmlafzäit 4,239 Joer
Mëttel Bunnvitess 18,2 km/s
Inklinatioun 8,6904 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser ~120 km
Mass 6,1×1018 kg
Mëttel Dicht 1,28 ± 0,19 g/cm3
Rotatiounsperiod 7,225 h
Albedo 0,071
Absolut Hellegkeet 8,1
Spektralklass C
Entdeckung
Entdecker K.T.R. Luther
Entdeckungsdatum 15. Mäerz 1863
Plaz Düsseldorf
Aner Bezeechnungen 1936 SP


Den Asteroid (78) Diana gehéiert zu der Haaptasteroidenceinture, an ass de 15. Mäerz 1863 vum Karl Theodor Robert Luther entdeckt ginn.
Den Himmelskierper gouf no der Diana, der réimescher Gëttin vun der Juegd, genannt.

Den Asteroid Diana beweegt sech op engem Ofstand vun 2,0742 (Perihel) bis 3,1638 (Aphel) astronomesch Eenheeten a 4,239 Joer ëm eis Sonn. D'Bunn ass 8,6904° schréi géint d'Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2080.

Den Diana huet en Duerchmiesser vun 120 Kilometer. En huet eng donkel kuelestoffhalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,071.
A ronn 7 Stonnen a 14 Minutten dréit den "Diana" ëm seng eegen Achs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]