(9381) Lyon

Vu Wikipedia
(9381) Lyon
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,9986 A.E.
Exzentrizitéit 0,0605
Sideresch Ëmlafzäit 5,19 a
Mëttel Bunnvitess 17,18 km/s
Inklinatioun 1,1344 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 7,156 (±0,085) km
Albedo 0,198 (±0,020)
Absolut Hellegkeet 12,8
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Henri Debehogne, Eric Walter Elst
Entdeckungsdatum 15. September 1993
Plaz La-Silla-Observatoire Chile
Aner Bezeechnungen 1993 RT19, 1975 EK6, 1980 DO2, 1985 BH1, 1991 GP5, 1998 QW39


Den (9381) Lyon ass en Asteroid vun der baussenzeger Haaptceinture. Den Himmelskierper gouf de 15. September 1993 vun de belschen Astronomen Henri Debehogne an Eric Walter Elst am La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire a Chile entdeckt. Siichtunge vum Asteroid hat et virdrun schonn ettlech ginn: de 15. Mäerz 1975 ënner der virleefeger Bezeechnung 1975 EK6 an den 20. Februar 1980 (1980 DO2) um Krim-Observatoire zu Nautschnyj, den 18. Januar 1985 (1985 BH1) an den op dem Kitt Peak geleeëner Baussenstatioun vum Steward Observatoire souwéi den 8. Abrëll 1991 (1991 GP5) och um La-Silla-Observatoire.

De mëttleren Duerchmiesser vum Asteroid gouf mat 7,156 (±0,085) km berechent.

No der SMASS-Klassifikatioun (Small Main-Belt Asteroid Spectroscopic Survey) gouf bei enger spektroskopescher Kontroll[1] vum Gianluca Masi, Sergio Foglia an Richard P. Binzel bei enger Ënnerdeeung vun allen ënnersichten Asteroiden an C-, S- a V-Typpen (9381) Lyon den S-Asteroiden zougedeelt.[2]

Sonnendistanz an der Moyenne (grouss Hallefachs), Exzentrizitéit an Inklinatioun vum Asteroid entsprieche graff der Koronis-Famill, enger Asteroidefamill, déi nom (158) Koronis genannt ass.

(9381) Lyon gouf den 2. Abrëll 1999 no der franséischer Stad Lyon genannt. De Venuskrater Lyon dogéint war 1994 no der US-amerikanescher Pedagogin a Fraerechtlerin Mary Lyon genannt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gianluca Masi, Sergio Foglia, Richard P. Binzel: (en) Search for Unusual Spectroscopic Candidates Among 40313 minor planets from the 3rd Release of the Sloan Digital Sky Survey Moving Object Catalog.
  2. (en) Ënnerdeelung vun Asteroiden no S-types, C-types a V-types