17. Arrondissement vu Paräis

Vu Wikipedia
17. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Ternes,
Plaine-de-Monceaux,
Batignolles,
Épinettes
Buergermeeschter Geoffroy Boulard
Awunner 164.413
Fläch 5,67 km²
Postcode 75017
INSEE-Code 75117
Koordinaten 48°52'56,08"N, 2°18'28,22"O


De 17. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement des Batignolles-Monceaux) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.

An dësem Arrondissement gëtt et biergerlech Deeler wéi am Weste vu Paräis, an awer och Aarbechtervéierel wéi am Norden. Doduerch gëtt et eng ganz heterogen Populatioun, schematesch kann een dräi Beräicher ënnerscheeden: E Beräich mat héijem Undeel u Sozialwunnengen a villen Immigranten nërdlech vun der Avenue de Clichy, eng gemëscht Zon tëscht der Avenue de Clichy am Norden an der Rue de Tocqueville am Süden, en Deel déi besonnesch bei jonke Koppele beléift ass an e gutt Beispill fir Gentrifikatioun ass. Da gëtt et nach e Beräich mat grousse Gebaier am Haussmann-Stil an enger wuelsituéierter Bevëlkerung, déi där vum 16. Arrondissement gläicht.

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 18., am Südosten un den 8. an am Süden un de 16. Arrondissement. Am Weste stéisst e - vun Norden a Richtung Süde gekuckt - un d'Gemenge Saint-Ouen, Clichy, Levallois-Perret an Neuilly-sur-Seine.

Quartieren[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 65. Quartier des Ternes
  • 66. Quartier de la Plaine-de-Monceaux
  • 67. Quartier des Batignolles
  • 68. Quartier des Épinettes

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Auswiel:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 17. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]