Akira Toriyama

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Akira Toriyama
Akira Toriyama.jpg
Gebuer 5. Abrëll 1955
Nagoya
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Mangaka, Videospillartist, Personnagendesigner, Artisteschen Direkter, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Illustrateur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Akira Toriyama, gebuer de 5. Abrëll 1955 zu Nagoya an der Prefektur Aichi a Japan, ass ee vun de bekanntsten an erfollegräichste japanesche Manga-Zeechner (och nach Mangaka genannt). Hien ass ee vun deene Kënschtler, déi d'Geschicht vum Manga op laang Dauer gepräägt a verännert hunn, well seng Wierker extreem aflossräich a populär sinn. Säi bekanntst Wierk Dragon Ball 1 gëtt dacks vun anere Manga-Zeechner als grouss Inspiratioun zitéiert. Dozou zielen ënner anerem den Auteur vu One Piece, den Eiichiro Oda, souwéi de Créateur vun Naruto, de Masashi Kishimoto.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

Schonn als klengt Kand war den Akira Toriyama begeeschtert vu Comics an Zeechentrickfilmer. Nodeems hien dem Walt Disney säi Film 101 Dalmatians gesinn hat, wollt hien onbedéngt selwer ufänken mat Zeechnen an huet direkt gemierkt, datt hien dat iergendwann haaptberufflech maache wéilt. Doropshin huet hien och e Präis vun engem lokale Konschtatelier fir e Bild vun den 101 Dalmatiner gewonnen. Och haut nach nennt hien de Film 101 Dalmatians als ee vu sengen éischte stilisteschen Aflëss, genausou wéi déi fréier Filmer vum Jackie Chan. 1974 huet hie säin Ofschloss op enger Handelsschoul am Beräich vum Design gemaach. Dräi Joer méi spéit huet hien ugefaangen, an enger Publicitéitscampagne als Grafiker ze schaffen. Dës Aarbechtsplaz huet et dem jonken Mann erméiglecht säi praktescht Wëssen als Zeechner nach weider auszebauen an ze verbesseren.

Professionell Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Éischten Erfolleg[änneren | Quelltext änneren]

De Logo vun Dr. Slump

Säin Debut als Mangaka hat hien 1978, wéi hie beim Comic-Magazine Shonen Jump als Zeechner ugefaangen huet mat schaffen an am Dezember vum selwechte Joer d'Geleeënheet krut fir déi éischt Kéier eng eege Kuerzgeschicht ze verëffentlechen. Dat war Wonder Island, déi an engem mäerchenhafte Räich spillt an wou et dorëms geet, datt de Kinnek Gidhra, eng Hex an en Hielemënsch lauter witzeg a wonnersam Saachen erliewen.

Well seng Zeechnunge gutt beim Public ukomm sinn, duerft hien scho kuerz drop eng Fortsetzungsserie erausbréngen. 1979 huet hien du mat der Aarbecht un der Manga-Serie Dr. Slump ugefaangen, bei där et ëm e Wëssenschaftler geet, dee sech e Roboter als Fra erschaaft a mat hir zesumme lauter komesch Abenteuer erlieft. Déi Geschicht gouf vun 1980 bis 1984 am Comic-Magazin Shonen Jump verëffentlecht. Mat der Serie hat hie fir d'éischt Kéier e groussen Erfolleg an huet souguer 1982 dofir de 27. Shōgakukan-Manga-Präis an der Kategorie Shönen gewonnen. Vum Manga Dr. Slump goufen iwwer 35 Millioune Kopien a Japan verkaaft an am Joer 1997 gouf d'Serie als Anime a schliisslech och als Buchrei verëffentlecht. Wéi hien ugefaangen huet dee Manga z'erschafen, war hie 25 Joer al an huet nach bei sengen Eltere gewunnt, mä wéi d'Serie 1984 op en Enn gaangen ass war hie schonn e Superstar am Beräich vun de Mangaen.

Gréissten Erfolleg[änneren | Quelltext änneren]

Den Logo vun Dragon Ball

Säi gréissten Erfolleg, deen hien och weltwäit bekannt gemaach huet, hat Den Toriyama mat der Manga-Serie Dragon Ball. Dës gouf vun 1984 bis 1995 vum Comic-Magazine Shonen Jump verëffentlecht an emfaasst 42 Bänn. Eleng a Japan huet hien 152 Milliounen Exemplairë verkaaft (Stand 2010). Bis haut ass Dragon Ball ee vun de populäersten an aflossräichste Mangae vun der Welt. Virun allem a ganz Asien, an Europa an an Amerika ass d'Manga-Serie extreem beléift. Se gouf weltwäit ëm déi 350 Millioune Mol verkaaft an ass domat deen zweetmeescht verkaafte Manga vun allen Zäiten. Dëse Comic huet dofir gesuergt, datt d'Mangaen hir Blütezäit vun der Mëtt vun den 1980er Joren bis an d'Mëtt vun den 1990er Joren haten, well wärend där Zäit wéi dës Geschicht aktiv verëffentlecht gouf extreem vill Leit sech ëmmer direkt dat neist Exemplaire kaaft hunn. Baussent Japan waren allerdéngs d'Animë vun Dragon Ball méi erfollegräich wéi de Manga selwer. Doduerch ass déi allgemeng Beléiftheet vun Animen an der westlecher Welt staark an d'Luucht gaangen. Dëse Manga huet dem Comic-Magazin Shonen Jump et erméiglecht eng Rekordzuel vu 6,3 Millioune Kopien am Joer 1995 ze verkafen. Dragon Ball-Mangae goufen och als Bicher verëffentlecht, vun deenen et der 42 gëtt. No den Animë goufen och nach Kino- a Videofilmer dovu verëffentlecht, souwéi och Videospiller an eng ganz Rei aner Géigestänn, wéi zum Beispill Action-Figuren.

D'Geschicht vun Dragoin Ball huet als "Abenteuer-Manga" ugefaangen an huet sech mat der Zäit zu enger Kampfsport-Serie entwéckelt.

Spéiderhin huet den Akira Triyama och mat Mataarbechter vum Designstudio un enger Fortsetzung vun Dr. Slump geschafft, wéi och un Nofolgerserien wéi Dragon Ball Z an Dragon Ball GT.

Zanter 1993[änneren | Quelltext änneren]

1993 ass eng Ausstellung iwwer deen erfollegräichen Manga-Kënschtler duerch verschidde Stied gezunn an huet am Ganzen 3,5 Millioune Visiteuren ugelackelt. Hien ass och bis haut den eenzege Comic-Zeechner deem seng Biller am Nationalmusée fir Konscht zu Tokio ausgestallt sinn.

Normalerweis trëtt den Akira Toriyama net an den USA op fir Reklamm ze maachen, mee den 6. Dezember 2002 huet hien eng eenzeg Ausnam gemaach an ass op New York geflunn fir bei der Presentatioun vun der amerikanescher Versioun vum Weekly Shonen Jump dobäi ze sinn a Reklamm dofir ze maachen.

De 27. Mäerz 2005 huet CQ Motors en elektreschen Auto gebaut, dee vum Toriyama designt waren. Dovu goufen am Endeffekt awer nëmmen 9 Exemplairë produzéiert. Een Auto huet knapps 2 Millioune Yen kascht (eng 17.000 Euro). Den Auto konnt eng Héchstgeschwindegkeet vun 30 km/h erreechen an e war a 5 verschiddene Faarwen disponibel.

2006 huet den Toriyama un enger eemoleger Crossover-Episod mam Créateur vu One Piece, dem Eiichiro Oda, zesummegeschafft. An där Folleg triede souwuel Personnagen aus Dragon Ball wéi och aus One Piece op.

Nom Äerdbiewen an Tsunami vum 11. Mäerz 2011 a Japan huet hie mat Shonen Jump collaboréiert fir e Video ze dréinen an domat op d'Problemer vun den Affer vun dëser Naturkatastroph opmierksam ze maachen a Spenden fir si ze sammelen.

2013 huet hien den Special 40th Anniversary Festival Award a Frankräich um Festival International de la Bande Dessinée zu Angoulême gewonnen, deen hien fir seng jorelaang Tätegkeet als Comic-Zeechner iwwerreecht krut. Um nämmlechte Festival krut hien och déi meeschte Stëmme fir de Grand Prix de la ville d'Angoulême, deen hien awer net iwwerreecht krut, well d'Selektiounsjury sech dozou entscheet hat, dëse Präis dem hollännesche Comic-Zeechner Bernard Willem Holtrop z'iwwerreechen. Zanter Juni 2015 ass den Akira Toriyama ee vun den Mangaka vum Dragon Ball Super Anime.

Bird Studio[änneren | Quelltext änneren]

1983 huet den Akira Toriyama säin eegenen Zeechestudio, deen e Bird Studio genannt huet, opgemaach. Den Numm vum Studio besteet aus zwou Komponenten an ass eng Uspillung op säin eegene Familljennumm: Tori heescht nämlech op Japanesch Villchen also op Englesch Bird, wouraus hie "Bird Studio" gemaach huet. Wann hien a sengem Studio u Projete schafft, mécht hie quasi déi ganz Aarbecht selwer a souguer wann hien zäitweis en Assistent huet. Deen däerf sech dann nëmme mam Hannergrond beschäftegen. Och am Allgemenge schafft den Akira Toriyama am léifsten eleng an huet am Laf vun senger ganzer Carrière nëmmen 2 Leit d'Erlaabnes ginn fir aktiv bei senge Wierker matzeschaffen.

Videospiller[änneren | Quelltext änneren]

Den Toriyama war och bei der Gestaltung vu Videospiller wéi zum Beispill Dragon Quest an Tobal mat um Wierk. Den Toryiama krut den Optrag, d'Personnagen an d'Monsteren am éischten Dragon Quest sou ze gestalten, datt se sech staark vun deenen an anere Rollespiller vun där Zäit ënnerscheeden sollten. Vun deem Moment un huet hien un all Spill vun der Serie matgeschafft. Well hie vill Videospiller designed huet, steet hien an der Lëscht vun IGN op der Plaz 74 vun den Top 100 Videospill-Designer vun allen Zäiten.

Zeechestil[änneren | Quelltext änneren]

Charakteristesch fir dem Akira Toriyama säi Stil ass ënner anerem, datt hien heiansdo selwer a sengen eegene Mangae virkënnt. Dëst geschitt a Form vun engem klenge Roboter, deen een ëmmer erëm a sengen Wierker fanne kann. Hie mécht d'Soundeffekter a sengen Mangaen och net, wéi dat meeschtens de Fall ass, an der japaneschen Katakana-Schrëft mee benotzt dofir réimesch Schrëftzeechen. Ausserdeem ass hien ausseruerdentlech talentéiert doran, seng Mangae mat Tënt a Schwaarzwäiss ze molen.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Toriyama lieft relativ zeréckgezunn mat senger Famill um Land zu Kiyosu a gëtt nëmme seelen Interviewen. Den 2. Mee 1982 huet hie seng Fra Yoshimi Katō bestuet. Wéi hire Mann ass och si vu Nagoya an huet fréier als Manga-Zeechnerin geschafft, déi ënner dem Kënschtlernumm "Nachi Mikami" hier Wierker verëffentlecht huet an esouguer dem Akira Toriyama an deem sengem Assistent heiansdo bei Dr. Slump gehollef huet, wa si ënner groussem Zäitdrock stoungen. D'Koppel huet zwee Kanner. Ausserdeem interesséiert den Toriyama sech vill fir Autoen an Motorrieder. Hien ass och dofir bekannt e groussen Déierefrënd ze sinn an hat vun zanter e kleng war vill verschidden Déiere gehalen, dorënner Villercher, Fësch, Wanzen, Honn, Kazen an Eidechsen. Eenzeler dovun huet hien och als Inspiratioun oder Virlag fir Personnagen a senge Mangae benotzt. Den Akira Toriyama gëtt och un, datt hien an senger Fräizäit gäre plastesch Modeller mécht. Hien ass souguer sou gutt doran, datt hie scho fir verschidde Plastikmodells-Marke Figuren designed huet. En anere bekannten Hobby vun him ass et, Autogramme vu bekannte Mangakaen ze sammelen. Dës Passioun gëtt hien an sengem Manga Dr. Slump och dem Personnage Peasuke Soramame.

Zousätzlech Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Schluss vu verschiddenen Dragon Ball-Comics äntwert den Akira Toriyama reegelméisseg op d'Froe vu senge Lieser oder seet senge Fane Merci fir hiren Intressi un der Serie. Do erkläert hien zum Beispill, datt hie pro Woch net méi wéi 15 Säiten zeechent, well hie soss d'Freed u senger Aarbecht verléiere géif an hie soss net genuch Loft tëscht all senger Aarbecht kréich. Hie gëtt an dësen Äntwerten op Lieserbréiwer och zou, datt hie perséinlech sou haart an egoistesch Frae wéi d'Bulma aus senger Comicserie Dragon Ball guer net gär hätt. Dofir wier en och ëmsou méi erstaunt, datt sou vill jonk Meedercher dee Personnage esou gär hunn. Hien äntwert och engem begeeschterte Fan op seng Fro, wat dem Kurini seng Punkten um Kapp eigentlech sinn. An zwar géif et sech ëm Narben handelen. Am Ufank huet den Akira Toriyama dëse Personnage e bësse langweileg fonnt an huet him, fir en opzepeppen, Läinzeechen an d'Gesicht gezeechent. Hien erkläert och, datt hien sech am Ufank net vill Gedanken iwwer dëse Personnage gemaach hätt an nëmme wousst, datt en hien als "komesche Kauz" hätt wëllen duerstellen. Mee am Laf vun der Zäit hätt de Kurini sech als onverzichtbaren Deel vun der Crew manifestéiert, dee mëttlerweil och eng eege Fangemeinschaft huet. Och doriwwer staunt den Auteur, well dat am Ufank net seng Intentioun war.

Haaptwierker[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Toriyama, Akira. Dragon Ball, Bd.12, Die Mächte des Bösen. Hamburg: Carlsen, 1998.
  • Toriyama, Akira. Dragon Ball, Bd.1, Das Geheimnis der Drachenkugeln. Hamburg: Carlsen, Hamburg, 1997.