Alena Baeva

Vu Wikipedia
Alena Baeva
Gebuertsnumm Aljona Michailowna Bajewa
Gebuer 19. Februar 1985
Almaty
Nationalitéit Russland
Educatioun Conservatoire vu Moskau
Aktivitéit Violonist

D'Aljona Michailowna Bajewa, international bekannt als Alena Baeva, gebuer 1985 am Kasachstan[1], ass eng russesch Violonistin, déi international als Solistin optrëtt.

Hir Geien[änneren | Quelltext änneren]

D'Alena Baeva spillt haut op der "ex-William Kroll" Guarneri del Jesù vun 1738[2], e Prêt vun engem anonymme Spender, nodeems si virdrun op enger "moderner" Gei gespillt hat, an nach virdrun noeneen op zwou Stradivarien. Déi lescht vun dësen zwou war déi sougenannt Molitor-Stradivarius, déi 1697 vum Antonio Stradivari zu Cremona gebaut gouf, an déi 1804 an de Besëtz vum Grof Gabriel Jean Joseph Molitor koum dee Generol an der Arméi vum Napoleon I. a Fräizäit-Violonist war. Haut gehéiert déi Gei - déi e Wäert vu 5 Milliounen Euro huet - dem russesche Geschäftsmann Maxim Viktorov, dee se der Alena Baeva zur Verfügung gestallt hat. Well d'Aus- an Aféiere mat ze vill Paperasse verbonne war, huet si dem Propriétär d'Molitor-Stradivarius zeréckginn[1]

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Vun 2000 bis 2007 huet d'Alena Baeva Präisser bei groussen internationale Concourse gewonnen:

  • 2007 déi 3. Sendai International Music Competition an der Sektioun fir Gei a Japan;
  • 2004 de Grand-Prix beim Zweete Paganini-Geie-Concours zu Moskau;
  • 2001 den éischte Präis an néng Spezialpräisser um XII. International Henryk Wieniawski Violin Concours zu Warschau;
  • 2000 den éischte Präis vum International T. Wronski solo violin Concours zu Warschau fir Violonisten ënner 30 Joer.

Et war de Mstislaw Rostropowitsch deen hir d'Dier fir eng international Karriär opgemaach hat.[1]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Alena Baeva wunnt zu Bouneweg (Stand 2016; virdrun zu Gouschteng), nodeems si virun e puer Joer op Lëtzebuerg komm war. Si gesäit Lëtzebuerg als hir nei Heemecht un.[1].

D'Alena Baeva ass d'Mamm vun zwee Kanner.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Andonovic, V., 2016. Willkommen auf der Weltbühne Bonneweg. Warum die russische Violonistin Alena Baeva ihre Heimat Luxemburg so liebt und was die Magie Stradivaris ausmacht. Luxemburger Wort vum 20./21. August 2016, S. 15.
  2. Alena Baeva | Biography Archivéiert op 2018-04-24. Gekuckt de(n) 2020-07-03.