Anna Frebel
Anna Frebel | |
---|---|
Gebuer |
1980 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg |
Aktivitéit | Astrophysiker, Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | International Astronomesch Unioun |
D'Anna Frebel, gebuer 1980 zu Berlin, ass eng däitsch Astronomin an Astrophysikerin.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Anna Frebel ass zu Göttingen opgewuess. Nom Abitur huet si zu Freiburg im Breisgau e Physikstudium ugefaangen, dee si an Australien weidergefouert huet. Si huet um Mount Stromlo Observatoire vun der Australian National University zu Canberra promovéiert. Mat engem Stipendium fiert si 2006 mat hirem Studium zu Austin, Texas an 2009 mat engem Fellowship um Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics zu Cambridge, Massachusetts weider. Zanter 2012 ass si Assistenzprofessesch fir Physik am Massachusetts Institute of Technology.
Präisser an Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2007: Charlene-Heisler-Präis fir déi bescht astronomesch Dissertatioun an Australien[1]
- 2009: Ouverturesried XLAB Science Festival, Göttingen
- 2009: Ludwig-Biermann-Förderpräis vun der Astronomescher Gesellschaft
- 2010: Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie vun der American Astronomical Society[2]
- 2010: Lise Meitner Lecturer, Göttingen[3] anInnsbruck
- 2011: Kavli Frontiers of Science Fellow, National Academy of Sciences
D'Frebel an hiert Team hunn 2005 de metalläermste Stär entdeckt an 2007 den eelsten, ongeféier 13,2 Milliarde Joer ale Stär HE 1523-0901. Si schafft bei de Magellan-Teleskopen am Chile.
D'Frebel krut 2009 de Ludwig-Biermann-Förderpreis vun der Astronomescher Gesellschaft an 2010 den Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie vun der American Astronomical Society.
Literatur (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Auf den Spuren der ältesten Sterne, Frankfurt am Main: Fischer 2012 ISBN 978-3-10-021512-3 (ugekënnegt) DNB
- New horizons in astronomy: Frank N. Bash Symposium 2007: proceedings of a workshop held at the University of Texas, Austin, Texas, USA, 14-16 October 2007. San Francisco, Calif.: Astronomical Society of the Pacific, 2008.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Anna Frebel Fischerverlag
- Anna Frebel bei MIT
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ astronomy.org.au: The Charlene Heisler Prize
- ↑ Anna Frebel beim MIT
- ↑ dpg-physik.de: Lise-Meitner-Lectures 2010