Aporia crataegi

Vu Wikipedia
Aporia crataegi

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Päiperleken
Famill: Pieridae
Ënnerfamill: Pierinae
Gattung: Aporia
Wëssenschaftlechen Numm
Aporia crataegi
(Linnaeus, 1758)

Den Aporia crataegi ass eng Päiperleksaart aus der Famill vun de Pieridae. D'Epithet vun der Aart leet sech of vun de Planzenaarte vun der Gattung Crataegus (Wäissdar oder Hodar), vun deenen hire Blieder d'Raupe vun dëser Aart sech gären ernieren.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

D'Flilleken, déi bal duerchsichteg sinn, hunn eng Längt vun 28 bis 33 Millimeter an hunn opfälleg siichtbar Oderen. Bei de weiblechen Déiere gesäit een no beim ieweschte Bord eng Zort Stréch oder Punkt, deen d'Männercher net hunn.

Raup[änneren | Quelltext änneren]

D'Raupe si groelzech, hunn Hoer, an e schwaarzt a rout Muster um Réck.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

A. crataegi ass wäit verbreet a kënnt dacks doruechter vir. Et gëtt e vun Nordwestafrika am Weste bis an Transkaukasien a Japan am Osten. Am Süde kënnt e bis an der Tierkei, Zypern, Israel, Libanon a Syrien vir. An Nordskandinavien, an och op de Britteschen Insele fënnt ee keng Exemplare vun dëser Aart.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Weibercher leeën hir Eeër, 70 bis 90 un der Zuel, a gielzeg gefierft, beieneen op Fudderplanzen (dozou gehéieren ë a. Prunus-, Cerasus- a Crataegus-Aarten, am léifsten de Crataegus monogyna. No 14 Deeg ginn d'Eeër gréngelzeg an deen Dag drop kommen d'Raupen eraus. Dës iwwerwanteren zu hirer méi an engem gesponnenen Nascht. D'Poppe si gielzeg gefierft, mat engem Muster vu klenge schwaarzen Tëppelen. Soubal wéi d'Weibchen aus der Popp eraus ass, verkoppelt et sech. Se fléien an Nord-Europa vun Enn Mee bis Ufank Juni an a Südeuropa vu Mëtt Abrëll bis Juli.

D'Päiperleke liewe vun de Bléie vu verschiddenen Dëschtelaarten, Roudem Wisekléi, Lisär, Salzkraut, Wisenzalfei, Rouder Haartrutt asw.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aporia crataegi – Biller, Videoen oder Audiodateien