Op den Inhalt sprangen

Athene

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der griichescher Gëttin Athene. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Athene (Homonymie).
D'Athene vum Paul Troger, 1739.

D'Pallas Athene, och Athene Parthenos (attesch an ionesch Ἀθηνᾶ (Athēnâ), doresch Ἀθανᾶ (Athānâ), gr.: Αθηνά (Athiná), Bäinumm Atrytone; Παρθένος (Parthénos) algr.: d'Jongfra) war eng olympesch Gëttin an der griichescher Mythologie. Si war d'Duechter vum Zeus an der Metis, a gëllt als Gëttin vun der Wäisheet, der Krichstaktik an der Strategie, a war Patréinesch vun der Konscht an der Wëssenschaft. Si war d'Palais- a Schutzgëttin vun de mykeneschen Herrscher an huet sech mam Handwierk auskannt.

D'Athene war d'Duechter vum Zeus an der Metis (enger Okeanide). Den Uranos, de Stäerenhimmel, huet den Zeus gewarnt, datt e Jong deen d'Metis op d'Welt brénge géif, him säin Troun géif ewechhuelen. Sou huet den Zeus decidéiert, soubal d'Methis schwanger war, d'Kanner ze verschlécken1. E puer Méint méi spéit krut den Zeus staarke Kappwéi, wéi hien um Bord vum Séi Triton suz2. Also huet hien den Hephaistos, de Gott vun der Schmëdd, ëm Hëllef gefrot, an him gesot e soll him de Kapp opschloen, fir dat, wat wéi gedo huet, erauszehuelen. Sou ass d'Athene aus dem Zeus sengem Kapp gesprongen, an huet mat Lanz a Schëld gejaut wéi am Krich. Sou gouf d'Athene eenzeg an eleng als Duechter vum Zeus ugesinn. Beim Aischylos deklaréiert si: « Ech hat keng Mamm, déi mir d'Liewe geschenkt huet3. »

D'Athene gouf zu den olympesche Gëtter gezielt, an huet bei hinnen eng wichteg Roll gespillt. An der Ilias, der Odyssee an den Homereschen Hymne gëtt si als eng Favoritin vum Zeus duergestallt, hie konnt hir ni e Wonsch ofschloen. Genee wéi den Zeus huet d'Athene d'Aigis gedroen, a konnt Blëtz an Donner ruffen. Si gouf dacks zesumme mam Zeus a mam Apollo ernimmt. Si war d'Gëttin vun der Polis, mä huet sech als Gëttin vun der Wäisheet, déi duerch d'Eil an den Olivebam representéiert ginn ass, duerchgesat, a gouf zu engem Symbol fir d'griichesch Zivilisatioun bis an eis Zäit.

Wéi d'Hestia an d'Artemis war d'Athene Jongfra, an et si keng Aventurë vun hir bekannt.

Statu vun der Athene virum éisträichesche Parlament zu Wien.

Patréinesch vun Athen

[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend vum Kekrops no, hu sech d'Athene an de Poseidon ëm Attika gestridden. Als Arbitter hu si de Kekrops geruff, den éischte Kinnek vun dësem Territoire. De Poseidon huet mat sengem Dräizack op d'Akropolis geschloen, an domat eng Quell vu Salzwaasser zum erschénge bruecht. D'Athene huet en Olivebam ugebueden. De Kekrops huet entscheet, datt de Kado vun der Gëttin bei wäitem méi nëtzlech fir säi Vollek wir, a sou gouf aus der Athene d'Patréinesch vun der Stad Athen.

Laut dem Varro, huet de Kekrops d'Bierger vun Athen (och d'Fraen) gefrot, wie si als Beschützer wéilten. D'Männer hu sech fir d'Päerd entscheet, wat hinnen a wichtege Schluechten zu enger Victoire hëllefe géif. D'Fraleit ware fir den Olivebam. D'Fraen haten eng Stëmm méi, an domat gouf d'Athene gewielt. De Poseidon, deen doriwwer rose gi war, huet ganz Attika iwwerschwemme gelooss. Fir hien ze besänftegen, hunn d'Athener hire Fraen dräi Strofe misse ginn: d'Fraleit kruten d'Walrecht geholl; kee Kand duerft den Numm vu senger Mamm kréien; d'Fraleit goufen net méi "Athenerinne" genannt.

Duerno huet d'Athene e weidere mythesche Kinnek opgezunn, den Erichthonios. Hien huet fir d'Gëttin den Erechtheion baue gelooss, dat eelst Hellegtum op der Akropolis, an déi éischt Paschtéisch waren d'Duechtere vum Kekrops, d'Aglauros, d'Pandrosos an d'Herse. Hien huet fir d'Athene och d'Panathenäe gegrënnt, fir de Gebuertsdag vun der Gëttin ze feieren, wat dat gréisst reliéist Fest vun Athen war. D'Athener hunn d'Athene och veréiert, well si hinne bäibruecht huet, wéi ee verschidden Handwierker benotzt. Sou gouf d'Athene zu enger poliader Gëttin (Πολιάς, « Beschützerin vun der Polis ») vun Athen.

Rot fir d'Heroen

[änneren | Quelltext änneren]

Genee wéi hiren Hallefbrudder Hermes, huet sech d'Athene och ëm d'Heroe gekëmmert. Sou zum Beispill am Kader vum Trojanesche Krich, wou si, nodeem de Paris si beim Urteel vum Bierg Ida zeréckgewisen hat, op der Säit vun de Griiche stoung. Si huet sech besonnesch ëm den Diomedes gekëmmert. Nom Krich huet si den Odysseus a besonnesch den Telemachos beschützt, dëst an der Form vum Mentor. Si huet d'Erinyen zeréckgehalen, an den Orestes vum Areopag fräisprieche gelooss.

Si huet och dem Herakles bei sengen zwielef Aufgabe gehollef, an dem Perseus a sengem Kampf géint d'Medua, der hire Kapp si duerno op hirem Schëld Aigis gedroen huet. Si huet dem Kadmos, deen d'Stad Theben gegrënnt huet, de Rot ginn, den Draach ëmzebréngen, a seng Zänn ze verstreeën, fir eng Arméi domat ze ruffen. D'Athene huet och dem Bellerophon verroden, wéi hien de Pegasos kéint zähmen.

Krichsgëttin

[änneren | Quelltext änneren]

Op den éischte Bléck ass et komesch, datt eng Gëttin vun der Wäisheet mat Waffen op d'Welt komm ass, a gläichzäiteg och eng Krichsgëttin ass. Mä hir Epiklese weisen: si ass d'Athene Πρόμαχος / Prómakhos, déi, déi an der éischter Linn kämpft, oder och Athene Νίκη / Níkê, Gëttin vun der Victoire — vill Representatioune weisen dann och d'Athene, déi d'Nike an der Hand hält, genee wéi den Zeus. Hire Rot huet d'Gëtter an der Gigantomachie gefouert, a laut verschiddenen Traditioune soll si selwer de Gigant Pallas ëmbruecht hunn, wouduerch si den Numm « Pallas Athena » krut.

Am Géigesaz zum Ares, engem brutale Krichsgott, stoung d'Athene fir e méi uerdentleche Krich, dee sech u verschidde Reegelen hält, souwéi fir Strategie a Krichstaktik.

Patréinesch vun de Kënscht a vum Handwierk

[änneren | Quelltext änneren]
Athena Mattei, Louvre, Paräis.

Zu gudder Lescht war d'Athene och eng Zivilisatiounsgëttin, wéi am Fall vun Athen, wou si veréiert gouf, well si den Awunner landwirtschaftlech Technike bäibruecht huet. Si huet dem Erichthonios bäibruecht, wéi een e Sträitwon baut5, an dem Danaos, zu Rhodos, wéi een e Schëff mat 50 Rudder baut - eng änlech Roll huet si och an der Argonautelegend gespillt, si huet gewise, wéi een d'Argo baut. D'Athene ass och d'Patréinesch vun de Kënschtler an Aarbechter, als Ἐργάνη / Erganê, « déi, déi schafft ».

Alles wat gebutt gouf, hat säin Ursprong an der Gëttin, sou wéi et och an der Fabel vun der Arachne erzielt gëtt, déi an eng Spann verwandelt ginn ass, well si behaapt huet, si kéint besser bitze wéi d'Gëttin. Sou gëtt si och dacks mat engem Spannrad representéiert6.

Schlussendlech ass si och d'Athene Ὑγεία / Hygeia, d'Beschützerin vun der familiärer Gesondheet.

Epitheten, Attributer an Hellegtümer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Homeresch Ephiteten:
    • mat An wéi eng Eil (γλαυκῶπις / glaukôpis),
    • déi gudde Rot gëtt (πολύϐουλος / polyboulos),
    • Duechter vum Zeus déi d'Aigis dréit (θύγατερ Διὸς αἰγιόχοιο / tygater Dios aigiokhoio) ;
  • Attributer: d'Aigis, den Olivebam, d'Lanz, den Helm, de Gorgoneion ;
  • Déieren: d'Eil ;
  • Hellegtümer: Hellegtum vun der Athene Khalkiokos (« Bronzehaus ») zu Sparta ; Erechtheion vun Athen, mam Palladion
  • D'Hellegtum vun der Athene zu Lindos, op der Insel Rhodos, ass eng Kultplaz, déi vun den Dorer gegrënnt gouf.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Susan Deacy, Athena, Routledge, New York, 2006. (ISBN 0-415-30066-5)
  • Hesiod, Theogonie (886-900).
  • Aischylos, D'Eumeniden (V. 293).
  • Aischylos, D'Eumeniden (736).
  • Aurelius Augustinus, De civitate Dei (XVIII, 9).
  • Homeresch Hymnen (fir d'Aphrodite, 7-15).
  • Vergil, Georgica (IV, 246-247) an Ovid, Metamorphoses (VI, 5-145).

Aner Nimm: Minerva

Commons: Athene – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.