Olympesch Gëtter

Vu Wikipedia
Den Olymp, de Wunnsëtz vun den olympesche Gëtter an der griichescher Mythologie.

D'Olympesch Gëtter (gr.: τὸ Δωδεκάθεον / to Dodekatheon), och Olympioi oder Olympier, waren déi zwielef (gr.: δώδεκα / dodeka) Haaptgëtter an der griichescher Mythologie.

Hire Wunnsëtz war de Bierg Olymp (gr.: Ὄλυμπος / Olympos) a Griicheland. Si entspriechen den zwielef Méint vum Joer souwéi den zwielef Déierekreeszeechen.

D'Olympier waren d'Grupp vun de Gëtter ronderëm den Zeus, deen no schwéiere Kämpf säi Papp Kronos an deem seng Gesëschter, an domat d'Titanen, déi virun him un der Muecht waren, gestierzt huet (Titanomachie). Heibäi gouf hie vun de Kyklopen ënnerstëtzt, si hunn him och de Blëtz an den Donner ginn. Ausserdeem waren Hekatoncheiren a seng Mamm Rhea op senger Säit.

Les douze Olympiens vum Nicolas-André Monsiau.

Nodeem den Zeus d'Titanen an den Tartaros gestierzt hat, huet hie seng Herrschaft géint d'Nokomme vun den Titane missen ofsécheren. Fir géint d'Nokommen ze gewannen, huet hien d'Styx missen ëm Hëllef bieden, an hei hunn d'Olympier och nach spéider hir Eede geschwuer. Sou goufen och d'Nokommen an den Tartaros agespaart. Well sech weder den Okeanos, nach d'Tethys an d'Themis um Opstand vun den Titanen, déi iwwereg bliwwe waren, géint den Zeus bedeelegt haten, huet den Zeus hinnen d'Herrschaft iwwer hiert Räich gelooss.

No den Titanen hu sech d'Olympier misse géint d'Gigante behaapten (Gigantomachie). Heibäi krute si besonnesch Hëllef vum stierflechen Herakles, dee spéider och an den Olymp opgeholl ginn ass, an d'Hebe bestuet huet. Domat gouf d'Hebe, déi de Gëtter den Nektar bruecht huet, vum Ganymed ofgeléist. Och dëse Kampf konnt den Zeus fir sech entscheeden, a sou konnt hie mat senge Gesëschter d'Weltherrschaft untrieden. Duerch d'Lous gouf entscheet, datt den Zeus "den Himmel" géif kréien, de Poseidon "d'Mier", an den Hades "d'Ënnerwelt".

Schliisslech hu sech d'Olympier misse géint den Typhon duerchsetzen. Wéi hie mat gliddege Steng ronderëm sech gehäit huet, a gejaut huet, datt ee bal daf ginn ass, sinn d'Olympier fir d'éischt emol geflücht. Doropshin hu si sech an Déiere verwandelt; den Zeus an e Widder, den Apollo an e Kueb, den Dionysos an e Geessebock, d'Artemis an eng Kaz, d'Hera an eng Kou, d'Aphrodite an e Fësch an den Eos an en Ibis. Och den Ares huet sech an e Fësch verwandelt, de gewaltegen Herakles an e Réi, d'Leto an e Wisel, an den Hephaistos a e Stéier. Sou sinn si an Egypten geflücht, dem ale Land vun der Wäisheet, bis den Zeus den Typhon bändege konnt.

Domat war den Zeus de Grënner vun der drëtter Weltuerdnung.

Déi zwielef Olympier[änneren | Quelltext änneren]

Numm Funktioun Bild
Griichesch
(Transliteratioun)
Lëtz.
Ἀφροδίτη
(Aphroditē)
Aphrodite Gëttin vun der Léift an der Schéinheet. Aphrodite head Kaufmann Louvre.jpg
Ἀπόλλων
(Apollōn)
Apollo Gott vun der Poesie, dem Liicht,
de Mais, der Pescht an der Prophetie.
Apollo Palatino Inv12456.jpg
῎Αρης
(Arēs)
Ares Gott vum brutale Krich an de Schluechten. Ares Argentina Montemartini.jpg
Άρτεμις
(Artemis)
Artemis Gëttin vun der Juegd a vum Mound. Artemis Kephisodotos Musei Capitolini MC1123.jpg
Ἀθηνᾶ
(Athēna)
Athene Gëttin vun der Wäisheet, Patréinesch vun de Kënscht
an dem Handwierk, a Gëttin vum strategesche Krich.
Athena ciste.jpg
Δήμητρα
(Dēmētra)
Demeter Fruuchtbarkeetsgëttin. Demeter Altemps Inv8596.jpg
Ἥρα
(Hēra)
Hera Familljegëttin, zoustänneg fir Hochzäit,
Mammeschaft a Gebuert.
Hera Barberini Chiaramonti Inv1210.jpg
Ἥφαιστος
(Hēphaistos)
Hephaistos Gott vun de Vulkaner, dem Feier an
der Schmëdd.
Έρμής
(Hērmēs)
Hermes Gott vun den Déif, dem Handel
an de Reesenden.
Achilles embassy Louvre G264 n3.jpg
Ἑστία
(Hestia)
Hestia Gëttin vum Häerdfeier Hestia tapestry.jpg
Ποσειδῶν
(Poseidōn)
Poseidon Gott vum Mier, den Erdbiewen an de Päerd. Poseidon Of Cape Artemision.jpg
Ζεύς
(Zeus)
Zeus Gëtterpapp, zoustänneg fir Blëtz, Donner a Loft. Bust of Zeus.jpg

Spéider derbäikomm[änneren | Quelltext änneren]

Numm Funktioun Bild
Griichesch
(Transliteratioun)
Lëtz.
Ἥϐη
(Hebe)
Hebe Gëttin vun der Jugend. Canova-Hebe 30 degree view.jpg
Ἡρακλῆς
(Herakles)
Herakles Hallefgott,
Heel- an Orakelgott
Herakles snake Musei Capitolini MC247.jpg
Διόνυσος (Dionysos) Dionysos Gott vum Wäin an der Ekstas Exekias Dionysos Staatliche Antikensammlungen 2044.jpg

Gëtter vun der Ënnerwelt[änneren | Quelltext änneren]

D'Ënnerwelt gehéiert nëmmen indirekt zu den Olympier.

Numm Funktioun Bild
Griichesch
(Transliteratioun)
Lëtz.
ᾍδης
(Haides)
Hades Herrscher vun der Ënnerwelt.
Περσεφόνη
(Persephone)
Persephone Kinnigin vun der Ënnerwelt. Triptolemos Kore Louvre G452 full.jpg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Griichesch Gëtter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.