Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:83.99.66.253

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Hëppla, ech weess net wat do geschitt ass. Wollt eigentlech jhust bei der Jean-Sibelius Strooss den Numm änneren... —83.99.66.253 16:11, 23. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Sout, hunn elo rausfonnt wat geschitt ass. Hunn duerch eng Onopmierksamkeet eng al Versioun vun deer Schabloun g'ännert... (https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schabloun:Navigatioun_Stroossen_a_Plazen_um_Belval&oldid=2197898). Passen an Zukunft besser op. 🙏—83.99.66.253 16:14, 23. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Kee Problem, dat kënnt vir. Gutt ze liesen, dass et keng Expressegkeet war (där ginn et der och...) --Zinneke (Diskussioun) 14:21, 12. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]


Merci, datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschaffe kann.


Informatioune fir nei Benotzer
Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.
Är Kontributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semiprotegéiert Säiten z'änneren.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!



Gudde Moien,

Et wier vläicht net schlecht fir Referenzen direkt an den Artikel anzebauen, da brauch net allkéiers een hannendrun ze lafe fir dat nozehuelen. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 14:08, 31. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Fritz Schneider

[Quelltext änneren]

Thanks, I was wrong --Mtarch11 (Diskussioun) 12:22, 2. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Serge Wilmes

[Quelltext änneren]
Wann op der offizieller Chamberssäit steet hie wier Historien, sollt dat dann net gegleeft ginn. Et ass jo net all Politiker e Ligener. :-)) --Puscas (Diskussioun) 08:49, 12. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.