Benotzer Diskussioun:JackSparrowTGP

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien JackSparrowTGP,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Wann ech d'lescht Woch Lotto gespillt hätt, wier ech haut Millionär[Quelltext änneren]

Ahoi, Jack.

Du hues meng Ännerung zum Beim-Wale-matmaachen a Gewielt-ginn annuléiert. Dass een net kann an der Chamber vertruede sinn, wann ee sech net zur Wal gestallt huet, liicht an. D'Auso kann een awer net ouni weideres an d'Positivt kéieren: Dass, wann ee bei Chamberwale kandidéiert, automatesch gewielt géif ginn. Do gerode mer an de Beräich vum Spekulativen, an dat ass net enzyklopedesch... Meng Formuléierung war faktuell - bei de leschte Walen net derbäi; huet wëlles 2014 ze kandidéieren. Ech hoffen, du verstrees, virwat ech se nees esou zerécksetzen.--Zinneke 16:10, 10. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Läschpropose[Quelltext änneren]

Moien, wann an engem Artikel eng Läschpropose steet da soll déi stoe bleiwen bis d'Allgemengheet driwwer entscheet huet. --Les Meloures (Diskussioun) 17:05, 19. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

Keng Suerg, dat war kee richtege Läschantrag, mä e schlechte Witz vun engem Vandal, an dann och nach aus der Belsch (109.134.x.x... Wat mëschen déi sech an eis Politik an? Halen déi sech vir Russen oder wéi ?:-) ). De Läschantrag war schlecht gesat, do war eng Accolade dovun an den Text gerutscht. An do war mol keng Plaz ageriicht wou d'Allgemengheet driwwer entscheede kéint... déi verlinkte Säit hat just Diskussiounen iwwert aner Läschanträg, awer kee Frères... :-) 'T ass och duerch d'Feelen vun der Diskussioun wou ech drop opmierksam gi sinn datt et Vandalismus war...
Neen dee Läschantrag ass kee Witzvandalismus a steet op der Säit vun de Läschanträg zur Debatt. Der hat vläicht schlecht gekuckt. Referenzen ze benotze fir Reklammslinke vu Firmaen eranzebrénge gëtt als Spam betruecht a kann zu der Spär vum Benotzer féieren wann dat ze dacks virkënnt. --Les Meloures (Diskussioun) 18:01, 19. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]
"Schlecht gekuckt", jo 't wäert dat sinn! Laut Versiounsgeschicht huet dier deen nodréiglech dra gesat... Passt ob dass dier net op eemol vun der Wikipedia flitt mat deenen Tricker do. :-) JackSparrowTGP (Diskussioun) 18:35, 19. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

Déi Foto vum Daniel Frères déi dir eropgelueden hutt gëtt mat grouuser Warscheinlechkeet geläscht, well déi néideg Informatiounen iwwer dem Auteur (de Fotograf) säin Accord feelen. --Melouresbot (Diskussioun) 23:11, 21. Dez. 2017 (UTC)[äntweren]

Läschproposen[Quelltext änneren]

Mäi léiwen Här Sparrow,

wann do eng IP sech ameséiert, "Lëschproposen" ze maachen mat Textelcher wéi "jamais couché avec", "wien ass dat iwwerhaapt?" bei engem Minister, asw., da kritt deejéinegen eng Warnung op seng Usersäit, e soll sech mat esou Infantilitéite ginn, a wann e sech weider drunn hält, gëtt e fir kuerz Zäit gespaart, dass e sech berouge kann (oder vu senger Sylvesterfeierlaun erhuele kann). Dat ass hënnt geschitt, a dofir goufen déi Ännerunge réckgängeg gemaach.

E schéine Bonjour an d'Karibik. --Zinneke (Diskussioun) 21:57, 1. Jan. 2018 (UTC)[äntweren]

Problem fir d'Benotze vum Fichier File:DanielFreres.jpg[Quelltext änneren]

Merci, datt Dir de Fichier Fichier:DanielFreres.jpg eropgelueden hutt. Ech hu gesinn datt Dir dem Fichier zwar eng valabel Lizenz gitt hutt, mä et feelt em nach e Bewäis, datt den Auteur dovun och mat där Lizenz averstanen ass.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument komplett selwer geschaf hutt, mä et virdrun schonn anzwousch anescht (besonnesch Online) publizéiert hutt, misst Dir:

  • um Site, wou et fir d'éischt publizéiert gouf, eng Notiz bäisetzen, datt et erlaabt ass (sou wéi hei) d'Bild ënner CC-BY-SA-Lizenz oder soss enger akzeptabeler fräier Lizenz weiderzegebrauchen (kuckt dës Lëscht); oder
  • eng E-mail schécken, déi mat deem Site, wou de Fichier als éischt publizéiert gouf, am Zesummenhang steet, an zwar un permissions-commons@wikimedia.org (Note: Gitt an där Mail e Link op de Fichier um Site sou wéi och deem hei op Wikipedia un (datt ee Benevolë vun OTRS dat einfach iwwerpréiwe kann), a confirméiert, datt Dir den Auteur vun deem Material sidd, an datt Dir et ënner der genannter fräier Lizenz wëllt publizéieren. Dir kënnt hei oder hei e Beispillsbréif vun ensou enger Erlabnes fannen. Wann Dir dat maacht, setzt dësen Text: {{OTRS pending}} op d'Beschreiwungssäit vum Fichier datt en net fréizäiteg geläscht gëtt.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument net komplett selwer geschaf hutt, frot w.e.g. den Auteur dovun, eng vun den uewe beschriwwenen Aktiounen ze maachen. Falls en Iech d'Erlabnes scho virdru via Email ginn huet, da schéckt dës Mail virun un permissions-commons@wikimedia.org.

Wann Dir der Meenung sidd, datt de Fichier d'Critèrë vun Wikipedia:EDP erfëllt (an nëmmen dann), kënnt Dir ausnamsweis en Tag wéi {{Bild-FU}} oder soss een aus der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen eraussichen, an dann eng genee Beschreiwung (rationale) dobäisëtzen, déi de Gebrauch vum Fichier an engem bestëmmten Artikel justifiéiert.

Wann Dir nach aner Fichieren eropgelueden hutt, wier et gutt, Dir gifft iwwerpréiwen, ob Dir do de Beweis uginn hutt, datt de Besëtzer vum Copyright et erlaabt huet, datt Dir hiert Wierk ënner där Lizenz, déi Dir uginn hutt, publizéiert huet. D'Lëscht vun de Fichieren, déi Dir eropgelueden hutt, fannt Dir hei. Biller, déi keng nogewisen Erlabnes hunn, kënnen eng Woch, nodeem se identifizéiert ("getagged") goufen, geläscht ginn. Wann Dir dozou iergend eng Fro hutt, zéckt net, se ze stellen. Merci am Viraus.

Share your experience and feedback as a Wikimedian in this global survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 18:40, 29. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

Reminder: Share your feedback in this Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 01:38, 13. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Your feedback matters: Final reminder to take the global Wikimedia survey[Quelltext änneren]

WMF Surveys, 00:48, 20. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]