Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Gudde Moien,
Wier et net besser déi Beschreiwung vun de lëtzebuergesche Landschaften an de respektiven Artikelen wéi z.B. Éislek oder Guttland ënnerdaach ze bréngen. Dat hätt den Avantage datt déi Artikele komplettéiert ginn. En allgemengen Artikel Landschaft soll sech net an Detailer iwwer déi kleng lëtzebuergesch Landschafte verléieren. Mer si jo net den Nuebel vun der Welt, an et wier besser an e puer kuerze Sätz grouss Landschaften an an esou engem Artikel ze ernimmen, wéi d'Taiga oder d'Puszta, déi dann ausféierlech an engem eegenen Artikel beschriwwe ginn.
Mat de lëtzebuergesche Beschreiwungen an dësem Artikel maache mer just en duebelen Emploi.