Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
ech benotze verschidde Sproochen vu Wikipedia schonns wierklech laang, warscheinlech Joerzéngten, elo wou Wikipedia iwwer 20 Joer al ass. Ech hunn endlech de Driff krut mol selwer eppes ze maachen.
Ech wollt grad eben eng Ännerung verëffentlechen, nodeems ech e puer Stonne - mat vill hin an hier - et endlech zu menger Zefriddenheet bruecht hunn. Et war e bësse frustréiernd, well bal all Link zu den "Hëllefssäiten", déi d'Säit engem gëtt, entweder op enger anerer Sprooch sinn oder guer net existéieren. Dann hunn ech d'Notiz vun dëser Noriicht entdeckt, merci also fir d'Linken! Et wier awer schéin, wann déi engem Neizougang méi accessibel wieren.
Wéi geschriwwe, sinn e puer Stonnen vergaange an ech hänke u menger Ännerung a géif déi elo verëffentlechen. Wann Dir wëllt, kënnt Dir Ierch déi jo emol ukucken a mir Bescheed ginn op et an der Rei ass, soss beschaffe ech et en anere Dag nach eng Kéier. Fausti
Dir an déi aner Mataarbechter dierfen mech gäeren duzen.
Zéck nëmmen net, Ännerungen ze maachen an ze publizéieren. Wann s de der bei eppes net sécher bass, schreif et einfach an d'Kommentarfeld beim Ofspäicheren. En Aneren, deen da laanscht luusst, kuckt dat dann no. Allgemeng ass et jo esou, dass et normal ass, dass dat wat hei steet, dat kollektivt Resultat vu méi Leit ass; ëmmer mam Zil, weider auszebauen, ze verdéiwen an ze beräicheren. Vill Spaass, a