Benotzer Diskussioun:Pepe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nei Kontributione stinn ënnendrënner

Moie Pepe,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!



Moie Pepe,

merci fir Ären Artikel iwwer de Ruden. Ech hätt just eng kleng Fro zu den Titele vu senge Wierker: do steet ë.a. 2x dat Wuert "Zäit".

Zum Rude senger Zäit gouf et awer den "äi" a kenger geleefeger Orthographie; dat misst "Zeit" geschriwwe gewiescht sinn. Well hei Titele vu Wierker grondsätzlech esou geschriwwe solle ginn, wéi dat am Original op der Titelsäit steet (wa néideg mat Transkriptioun a Klammeren an déi haiteg Schreifwies, wéi z.B. bei der "Mumm Sěs"/Mumm Séis"), kinnt Der an Ärer Bibliographie do kuerz nokucken, a wou néideg änneren? Merci am viraus. Bescht Gréiss, --Zinneke 10:53, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Churchill op Staatsbesuch[Quelltext änneren]

Moien, kuck emol w.e.gl. meng Fro op der Säit Diskussioun:14. Juli. --Zinneke 12:11, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut,
Merci fir d'Info. Ech kucken datt ech deen Abschnitt nach kompletéieren. Les Meloures 16:11, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Villmools Merci fir d'Uleeë vum Artikel Albert Nuss.

Fir datt e besser erëmfonnt ka ginn, missten nach d'Kategorien an d'Interwiki-Linken op aner Sproochen derbäigesat ginn.

Bei engem Artikel iwwer eng Persoun soll ausserdeem op den Datumssäiten beim Dag a Joer vun der Gebuert (an dem Doud) vun der Persoun e Verweis op den Artikel dobäigesat ginn. Kuckt anengems no, ob et eng Lëscht iwwer deen Theema gëtt, a setzt do den Artikel derbäi, wann en net do steet.

Merci am viraus!

Les Meloures 15:01, 7. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Forum vum Benevolat[Quelltext änneren]

Moien,

Du hues eventuell um Staminee scho gesinn, datt d'lb.Wikipedia vum 29. Abrëll bis den 3. Mee mat engem Stand um Forum vum Benevolat vertrueden ass, deen am Hall vun der City Concorde an der Stad ass.

Mir mussen deemno während 4 Deeg (Freides, Samschdes, Méindes an Dënschdes) eng Präsenz op eisem Stand assuréieren. Et wier optimal wa mer kéinten 2 Equippen mat jee zwee Wikipedianer pro Dag um Stand hunn. Deemno bräichte mer 16 Wikipedianer, déi bereet sinn, en hallwen Dag op eisem Stand ze sinn.

Et geet einfach drëm de Leit ze weisen, wéi een als Benevole bei Wikipedia matschaffe kann.

Hues du Zäit a Loscht en hallwen Dag eng Permanence op eisem Stand z'iwwerhuelen? Da schreif dech einfach mol um Staminee derbäi: Wikipedia:De_Staminee#Stand_beim_Forum_vum_Benevolat

Merci a bescht Wiki-Gréiss --Sultan Edijingo 14:10, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Villmools Merci fir d'Uleeë vum Artikel Marie-Louise Tidick-Ulveling.

Fir datt e besser erëmfonnt ka ginn, missten nach d'Kategorien an d'Interwiki-Linken op aner Sproochen derbäigesat ginn.

Bei engem Artikel iwwer eng Persoun soll ausserdeem op den Datumssäiten beim Dag a Joer vun der Gebuert (an dem Doud) vun der Persoun e Verweis op den Artikel dobäigesat ginn. Kuckt anengems no, ob et eng Lëscht iwwer deen Theema gëtt, a setzt do den Artikel derbäi, wann en net do steet.

Merci am viraus!


Ech maachen dat wann ech den Artiker fäerdeg hun. Ech hunn eng Fro: Wéi kann ech eng Remarque schreiwen fir ze weisen dat ech nach un engem Artikel schreiwen a wéi maachen ech eng Ënnerschreft ? Merci fir d'Hëllef.

Pepe --Pepe 14:10, 9. Mäe. 2011 (UTC)

Moien, do gëtt et d'Schabloun {{EnCours|Pepe}}, déi dann esou ausgesäit:

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Pepe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

--Zinneke 14:17, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien,

Wéi een eng Ënnerschrëft mécht steet am leschten Abschnitt vum Begréissungstext hei uewendriwwer.

Fir ze weisen datt een nach un engem Artikel gëtt et déi Schabloun déi hei uwendriwwer steet.

Wann en do wëll weise wien um Artikel schreift gëtt et dräi Méiglechkeeten:

1) déi steet schonns uewendriwer dra gesat vum Zinneke

2) {{EnCours|[[Benotzer:Pepe|Pepe]]}}. Dat gëtt dat heite Resultat:

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Pepe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

3) {{EnCours| ~~~~}}. Dat gëtt dat heite Resultat (hei mat menger Ënnerschrëft):

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ( Les Meloures 14:27, 9. Mäe. 2011 (UTC)), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.[äntweren]

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

-- Les Meloures 14:27, 9. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci villmools

--Pepe 15:16, 9. Mäe. 2011 (UTC)