Benotzer Diskussioun:Wname1

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Wname1,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.

2A02:A03F:A199:6C00:4C51:4B05:C617:5960 07:01, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Schablounen[Quelltext änneren]

Moien,

wann eng Iwwerschaffe-Schabloun iwwer engem Artikel steet, an deem et vu Feeler nënme sou strutzt, da soll déi stoe bleiwe, bis den Artikel komplett iwwerschafft ass. Et wier och flott wann Dir op Ärer Benotzersäit géift Är Babel-informatiounen uginn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:47, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Haaptartikel[Quelltext änneren]

Remoien,

Wann e sougenannten Haaptartikel proposéiert ass fir ze Läschen a souguer Direktläschcritèren erfëllt da soll en net nach mutwellegerweis nees an engem aneren Artikel zitéiert ginn, wann en do schonn eng Kéier erausgeholl gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 07:59, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Hallo, Anaplastesch Oligodendrogliom Artikele sinn an 22 Länner ronderëm d'Welt verfügbar.Et wier gutt wann een de Glioblastoma schreift. Begréissung, Wname1 (Diskussioun) 08:12, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Hallo och, ech huelen un datt s'an deene respektive Sproochen net sou voller Feeler si wéi op der lb:Wiki. Korrekt Sprooch ass e vun de wichtegste Critèren. Wann de Lemma vum Artikel scho falsch ass dann ass net méi vill ze diskutéieren. Wann Dir d'Sprooch net korrekt schreiwe kënnt da loosst am Beschten d'Fangeren dervun. Mat Maschinneniwwersetzungen déi net gutt funktionéieren ass hei net vill gehollef. Bescht Gréiss --Les Meloures (Diskussioun) 08:26, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Hallo, et ass wéi Neuroonkologie, déi ech ugefaang hunn, et gëtt ëmmer eppes ze verbesseren am Ufank. Bescht Greiss, Wname1 (Diskussioun) 08:46, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Beim Artikel Neuroonkolgie gouf net eppes verbessert. Do gouf ganz vill verbesserert, an déi Benotzer déi do verbessert hunn, hu misse vill op de: an fr: nokucken fir iwwerhaapt de Sënn vu veschiddenen (fir et kloer auszedrécke Schäissiwwersetzungen) ze verstoen an et an engem korrekte Lëtzebuergesch anzesetzen. An et stinn der nach eng Hällewull dran. Wann et natierlech däin Zil mat automateschen Iwwersetzungen nëmme sproochlech Mëscht ze produzéieren an déi aner Benotzer hei schaffen ze doen, dann hues de gutt geschafft, mä déi Tricken déi ginn net hei. Du hues jo selwer um Artikel Neuroonklogie jo kee Fatz verbessert a wann dann héchstens verschlëmmbessert.
Du sees: "et gëtt ëmmer eppes ze verbesseren am Ufank". Dat stëmmt mä soubal wéi do eng gewësse Grenz vu Feeler iwwerschratt ass, dann ass dat net méi akzeptabel. Du krust hei mat enger Schabloun Moien gesot. An där Schabloun stinn e puer Rotschléi, déi soll een och liesen. Wat awer dat wichtegst ass, dat ass d'Tatsaach datt s du Sprooch net kanns, soss wieren net sou vill Feeler an deenen Artikelen. Topeg Redirecte maachen a Schablounen eraushuelen ouni e Paff verbessert ze hunn sinn och net déi besch Manéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien, du hues schonn nees eng Maschinneniwwersetzung fir d'Uluecht vun engem Artikel benotzt, déi sträppweis net ze verstoen ass. Ech hunn den Artikel geläscht, well ech et zimmlech donieft fannen, iergend eppes "dohin ze klaken" nom Motto "Déi aner solle sech domat ploen, eppes draus ze maachen." Firwat schreifs de net an enger Wikipedia, där hir Sprooch s de beherschs?

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 18:55, 29. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]

Et muss e klenge Grond sinn firwat esou eppes existéiert: Wikipedia Säit iwwersetzen. :-) Wname1 (Diskussioun) 19:36, 29. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]
Ma da weess d'elo, dass dat nach laang net esou funktionéiert, wéi et soll/misst. Zinneke (Diskussioun) 21:55, 29. Aug. 2023 (UTC)[äntweren]
Haalt wgl. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen oder soss aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat wgl. an der Sandkaul.