Bréck op der Colmer Bréck

Vu Wikipedia
Bréck op der Colmer Bréck
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Colmer Bréck
Koordinaten 49° 48’ 59.4’’ N
      06° 05’ 52.0’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck / N7
Féiert iwwer CFL-Linn 1
Material Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen ~ 1960

D'Bréck op der Colmer Bréck ass eng Stroossebréck, déi d'Nationalstrooss 7 iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen féiert. Se läit um Territoire vun der Gemeng Schieren, an der Uertschaft Colmer Bréck, nërdlech vu Colmer, net wäit ewech vun der Kräizung mam CR123.

Bei der Bauverwaltung gëtt se ënnert der interner Nummer OA232 gefouert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck aus Spanbëtong gouf uganks der 1960er Jore gebaut.

Obwuel an der Vergaangenheet eng Rëtsch Aarbechten duerchgefouert goufe fir d'Stabilitéit vun der Bréck ze garantéieren, ass se haut(Januar 2022) an engem kriddelegen Zoustand, sou datt se muss ersat ginn.

Ier déi al Bréck ofgerappt ka ginn, gouf ëstlech dovun eng 45,72 m laang an 130 t schwéier provisoresch stole Bréck opgeriicht, iwwert déi de Stroosseverkéier bis Enn 2023 leeft.

Nodeems verschidde Bauweise fir eng nei Bréck analyséiert goufen, koum derbäi eraus, datt aus techneschen an ästheetesch Grënn just eng Boubréck mat engem Zuchband ((en) Bowstring) a Fro kéim. Déi nei Bréck kritt eng Breet vu 16,5 m, mat ë. a. zwou Fuerbunne vun 3,6 m, engem Fousswee vun 1,7 m op der ëstlecher an engem 2,5 m breede Fouss- a Vëloswee op der westlecher Säit.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D'Bréck vun 1960 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: D'provisoresch Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]