C/2006 P1 (McNaught)

Vu Wikipedia
C/2006 P1 (McNaught)
De Koméit McNaught
Orbittyp hyperbolesch
Grouss Hallefachs
Perihel 0,171 AE
Aphel
Numeresch Exzentrizitéit 1.00003
Bunnschréi 77,828 Grad
Perihelduerchgank 12. Januar 2007
Ëmlafdauer ?
Ëmlafvitess 101,9 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker R. H. McNaught
Entdeckungsdatum 7. August 2006
Aner Bezeechnungen

C/2006 P1 (McNaught) ass d'Bezeechnung vun engem Koméit, deen de 7. August 2006 vum Australier Robert McNaught entdeckt gouf. De Koméit hat sech am Januar 2007 zum hellste Koméit zanter dem Ikeya-Seki am Joer 1965 entwéckelt hat an ass den éischte Koméit zanter 1976, dee mat bloussem A um Daghimmel gesi konnt ginn.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Robert McNaught entdeckt de Koméit mat engem 50-cm-Schmidt-Teleskop am Kader vum Siding Spring Survey. Dobäi gëtt den Owendhimmel reegelméisseg op nei Asteroiden a Koméiten iwwerwaacht. Et war déi 31. Koméitenentdeckung vum McNaught.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit hat d'Sonn den 12. Januar 2007 op engem Ofstand vun nëmme 0,17 AE passéiert. Domat louch säi Perihel nach bannenzeg vun der Merkurbunn. Seng noosten Äerddistanz gouf mat 0,81 AE de 15. Januar 2007 erreecht.

Observatiounsbedéngungen[änneren | Quelltext änneren]

Vun Dezember 2006 bis zu der drëtter Januarwoch 2007 hat de Koméit nëmmen e klenge Wénkelofstand zu der Sonn, wouduerch d'Observatioun duerch d'Dämmerung erschwéiert gouf.

Op der Nordhallefkugel vun der Äerd waren déi bescht Siichtbedéngungen an der Woch virum Perihel. De Koméit konnt an der Owes- wéi och an der Mueresdämmerung observéiert ginn. Bis den 13. Januar war hien a Mëtteleuropa nach mat bloussem A an der Owesdämmerung ze gesinn. Well de Koméit dann südlech vun der Sonn stoung, goung de Koméit fir den Observer op der Nordhallefkugel scho virun der Sonn ënner an eréischt no der Sonn op. Doduerch waren Observatiounen um Owes- oder Muereshimmel net méi méiglech. Den 13. Januar konnt de Koméit a Mëtteleuropa mat bloussem A um Daghimmel gesi ginn. Duerno konnt de Koméit op der Nordhallefkugel net méi gesi ginn, well hien ze wäit südlech stoung. De Schwäif gouf nom Perihel sou laang, datt een d'Schwäifstrukturen och nach den 20. Januar a Mëtteleuropa konnt gesinn.

De Koméit war, wéinst sengem grousse Schwäif op der Südhallefkugel nom Perihel nach wäit méi spektakulär wéi op der Nordhallefkugel. Säi breet gefächerten a ronn 40° laange Schwäif war eng grouss Sensatioun um Himmel.

Hellegkeetsentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit McNaught, fotograféiert um Daghimmel den 13. Januar 2007

De Koméit gouf de 5. Januar 2007 bei gudder Horizontsiicht mat bloussem A déif um Dämmerungshimmel siichtbar. Seng Hellegkeet war zu dësem Zäitpunkt ronn 1mag. De 6. Januar war d'Hellegkeet 0mag. De 7. Januar war eng éischt teleskopesch Foto vum Koméit um Daghimmel gelongen. Den 12. Januar war d'Hellegkeet schonn iwwer -3 a war mat bloussem A um Daghimmel ze gesinn mag. De 14. Januar hat de Koméit seng gréisst Hellegkeet mat ronn -5.5mag.

Observatioun aus dem Weltraum[änneren | Quelltext änneren]

De Schwäif vum McNaught opgeholl den 11. Januar vum STEREO-B

Vum 12. bis de 16. Januar hat de McNaught d'Gesiichtsfeld vum Koronograph LASCO C3 vum Weltraumteleskop SOHO duerchlaf. Et war deen hellste Koméit, dee mat dësem Instrument registréiert gouf. D'Hellegkeet war sou staark, datt d'Bild deelweis iwwerstralt gouf. Doriwwer eraus hat d'Raumsond STEREO-B Fotoe vum Koméit op d'Äerd geschéckt. D'Biller weisen de Schwäif vum Koméit a senger ganzer Gréisst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: C/2006 P1 (McNaught) – Biller, Videoen oder Audiodateien