Op den Inhalt sprangen

Campus Geesseknäppchen

Vu Wikipedia
Versioun vum 20:23, 25. Sep. 2022 vum GilPe (Diskussioun | Kontributiounen) (EnCours ewech).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Loftopnam vum Campus (2017)

De Campus Geesseknäppchen ass e Schoulcampus an der Stad Lëtzebuerg, op deem aacht Schoule stinn.

De Campus Geesseknäppchen huet säin Numm vum Lieu-dit Geesseknäppchen zu Hollerech. E läit riets nieft der Escher Autobunn, wann een aus der Stad eraus fiert.

Um Campus Geesseknäppche sti follgend Schoulen:

Dat faarwegt Gebai a Form vun enger stiliséierter Blumm dat zanter 2012 um Campus steet, war als Provisorium fir de Kolléisch gebaut ginn, fir déi Zäit wärend där d'Gebai aus den 1960er Jore renovéiert gouf. Aktuell(September 2022) sinn d'EIGT an d'ENAD am Gebai.

Zum Campus gehéieren och zwéi syntheetesch Foussballterrainen, eng Schwämm, fënnef Turnhalen an eng Lafbunn.

Commons: Campus Geesseknäppchen – Biller, Videoen oder Audiodateien