Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg
Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Leedung | François Reinert |
Adress | Hiel |
Ënnersteet der/dem | Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht |
Gegrënnt | 15. Oktober 2004 |
Um Spaweck | https://m3e.public.lu/fr/centre-de-documentation.html |
Den Dokumentatiounszenter iwwer d'Festung Lëtzebuerg, offiziell Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg (gekierzt: CDF) ass e lëtzebuergeschen Dokumentatiouns- a Fuerschungszentrum iwwer d'Festung Lëtzebuerg, dee säi Sëtz an der Hielepaart am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg huet[1]. En ënnersteet dem Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht (MNAHA).
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Den Dokumentatiounszenter këmmert sech ëm d'Verwaltung, den Ënnerhalt an den Empfang vun de Visiteure vum Festungsmusée op den Dräi Eechelen. Do dernieft gehéiere follgend Missiounen zum Aufgabeberäich vum Zenter[2]:
- d'Dokumenter an d'Objete vum Musée sammelen an opwäerten;
- Visite-guidéeën a verschiddene Sproochen ubidden;
- temporär Ausstellungen, Colloquen a Konferenzen organiséieren;
- wëssenschaftlech Fuerschung iwwer d'Festung Lëtzebuerg an d'national Identitéit maachen;
- mat der Universitéit Lëtzebuerg an aneren ëffentlechen oder private Partner zesummeschaffen absënns wat d'wëssenschaftlech Fuerschung an d'Virbereedung vun temporären Ausstellungen iwwer d'national Identitéit ugeet;
- mam Institut européen des itinéraires culturels vum Europarot zesummeschaffen, absënns fir e grenziwwerschreidenden Tour iwwer d'Festungsanlagen op d'Been ze stellen.
Direktioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Leedung vum Zenter gëtt vum Direkter vum MNAHA oder engem Delegéierten assuréiert[2]. Aktuell(September 2023) ass de François Reinert Conservateur délégué à la direction[3].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Zenter gouf mam groussherzogleche Reglement vum 15. Oktober 2004[4], op der Basis vum Gesetz vum 25. Juni 2004[5] iwwer d'Kulturinstituter vum Staat an d'Liewe geruff an ass sengerzäit an d'Kompetenz vum Service des sites et monuments nationaux gefall.
Mam Reglement vum 26. August 2009[2] ass d'Kompetenz un den deemolege Musée national d'histoire et d'art iwwerdroe ginn. Zanter dem Gesetz vum 16. Dezember 2022 ass den Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht fir den Dokumentatiounszenter zoustänneg[6].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Den CDF an/oder MNAHA huet ë. a. follgend Publikatiounen erausginn:
- Reinert, François et al. Collect10ns : 2012 - 2022. Luxembourg: Musée Dräi Eechelen, 2022. Print. ISBN 978-2-87985-749-7
- Koller, Christian et al. Légionnaires : parcours de guerre et de migrations entre le Luxembourg et la France. Milano: Silvana Editoriale, 2020. Print. ISBN 978-2-87985-665-0
- Arnould, Cécile et al. Et wor emol e Kanonéier : l'artillerie au Luxembourg. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-617-9
- Bruns, Änder, Simone Feis, and François Reinert. À l'assaut du Kirchberg! : les fortifications du XVIIe au XXIe siècle. Luxembourg: MNHA, 2018. Print. ISBN 978-2-87985-534-9
- Reinert, François, Cécile Arnould, and Pierre Assenmaker. AE - amis / ennemis : Mansfeld et le revers de la médaille : 30 mai - 21 octobre 2018. Luxembourg: MNHA, 2018. Print. ISBN 978-2-87985-533-2
- Reinert, François, Änder Bruns, and Simone Feis. Luxembourg ville ouverte 1867 : 150e anniversaire du Traité de Londres du 11 mai 1867. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2017. Print. ISBN 978-2-87985-473-1
- Reinert, François, Änder Bruns, and Simone Feis. Pont Adolphe 1903. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2016. Print. ISBN 978-2-87985-401-4
- Reinert, François, and Änder Bruns. Genie und Festung : Luxemburger Festungspläne in der Staatsbibliothek zu Berlin. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2013. Print. ISBN 978-2-87985-221-8
- Thill, Edmond, Peter Fritzen, and Susanne Lange. Charles Bernhoeft : photographe de la Belle Époque. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2014. Print. ISBN 978-2-87985-269-0
- Bruns, Änder. Bundesfestung Luxemburg : 1815 - 1866. Luxembourg: MNHA - Musée Dräi Eechelen, 2012. Print. ISBN 978-2-87985-185-3
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Zougang op d'Online Bibliothéik vum CDF
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Centre de documentation. m3e.public.lu (13.03.2023). Gekuckt de(n) 23.09.2023.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (fr)Règlement grand-ducal du 26 août 2009 portant création d'un Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg auprès du Musée national d'histoire et d'art. http://data.legilux.public.lu+(26.08.2009).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.
- ↑ (fr)Équipe. m3e.public.lu (15.03.2023). Gekuckt de(n) 23.09.2023.
- ↑ (fr)Règlement grand-ducal du 15 octobre 2004 portant création et organisation du Centre de documentation sur la forteresse du Luxembourg. http://data.legilux.public.lu+(15.10.2004).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.
- ↑ (fr)Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. http://data.legilux.public.lu+(25.06.2004).+Gekuckt de(n) 22.09.2004.
- ↑ (fr)Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. http://data.legilux.public.lu+(16.12.2022).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.