Chantal Gary

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chantal Gary
Gebuer 11. Februar 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universtéit vun Insbruck
Aktivitéit Politiker, Geograph
Partei déi gréng
Member vun HB Museldall Grevenmacher

D'Chantal Gary, gebuer den 11. Februar 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Geografin a Politikerin (déi gréng).

Si huet sech an hirem Geographies-Studium mat Landwirtschaft an nohalteger Regionalentwécklung beschäftegt. Si schafft zanter 2008 beim Verkéiersverbond an huet an hirer Fräizäit vun 1999 bis 2019 am Handballclub Museldall Gréiwemaacher gespillt[2].

D'Chantal Gary huet bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kandidéiert, gouf awer net direkt gewielt. Den 22.Oktober 2019 ass si an d'Chamber nogeréckelt, nodeems den Henri Kox Minister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz gouf[3].

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. [lbr.lu F559 - MB Museldall Grevenmacher, depot L190196155]. www.lbr.lu (24/09/2019). Gekuckt de(n) 02/10/2019.
  2. HB Museldall: Gary und Gonçalves beenden aktive Spielerkarriere. topscore.lu (28/05/2019). Gekuckt de(n) 02/10/2019.
  3. "Une nouvelle députée." 'A la Une' op chd.lu, 8.10.2019.