Clinique Sainte-Élisabeth

Vu Wikipedia
Clinique Sainte-Élisabeth
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Strooss Avenue Émile-Reuter
Adress Avenue Émile-Reuter
Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 45.8’’ N
      06° 07’ 15.9’’ O
Datum vum Bau 1901
Proprietär Congrégation des sœurs hospitalières de Sainte-Élisabeth
De CIPA Ste Élisabeth am Park, wou fréier d'Elisabethrinnerklinick stoung

D'Clinique Sainte-Élisabeth, och alt Elisabethrinnerklinick oder Klinick am Park, war eng Klinick an der Uewerstad vun der Stad, déi vun 1901 u vun den Elisabethrinnerschwëstere bedriwwe gouf. Se gouf 2003 zou gemaach an et gouf en Altersheem mam Numm « CIPA Ste Elisabeth am Park » dohi gebaut.

Geschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

Nodeems Elisabethrinnerschwësteren 1899 d'Haus vum Dr Auguste Schumacher op der Theaterplaz kaaft hate fir do Kranker ze behandelen, hu se am Joer duerno eng grouss Bauplaz um Eck vun der Arsenalstrooss an dem Boulevard Joseph II kaaft, wou se dunn an de Joren 1901-1902 eng Klinick baue gelooss hunn.

D'Klinick hat uganks eng Capacitéit vu 50 Better, no enger Vergréisserung waren et der 1926 dunn 110. No an no koumen aner Servicer bäi: 1930 e Laboratoire fir medezinesch Analysen an 1938 d'Servicer vun der Radiologie an der Radiotherapie.

Well d'Klinick ze kleng war, krut se 1956 en Ubau iwwer zwéi Stäck a se gouf moderniséiert.

1957 goufen déi éischt Dialyse realiséiert an 1977 krut d'Klinick den éischte „Scanner“ am Land. Dat Joer duerno gouf en zousätzleche Fligel vu fënnef Stäck laanscht de Park gebaut.

1985 huet sech erausgestallt, datt de Franziskanerinnen hier Clinique Sacré-Cœur um Belair ze kleng wier an datt se substantiell vergréissert misst ginn. D'Iddi koum dunn awer op, e gemeinsaamt privat Spidol vu béiden Uerden ze bauen. Sou gouf d'Fondation François-Elisabeth[2] gegrënnt an d'Spidol um Kierchbierg gebaut.

An der Tëschenzäit goufen awer „am Park“ zousätzlech Servicer an Installatiounen opgemaach, ë. a. d'Endoscopie (1990), e Laser an der Aeklinick (1991), d'Häerzchirurgie (1992), d'digitaliséiert Angiographie (1996), e Laser an der Hals-Nues-Ouere-Medezin (1997) an d'Oncologie grad ewéi d'Palliativstatioun (1998).

Nodeems d'Klinick um Kierchbierg de 4. Juli 2003 opgaangen ass, gouf d'Elisabethrinnerklinick zerguttst zougemaach an 20.. gouf e Seniorenheem mam Numm « CIPA Ste Elisabeth am Park » do opgemaach.


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Congrégation des sœurs de Sainte-Élisabeth. Historique. Clinique Sainte-Elisabeth (04.2002). Gekuckt de(n) 21.02.2021.
  2. de 6. Mee 1992 gegrënnt, méi spéit an „Fondation Hôpitaux Robert-Schuman“ ëmgenannt