Critérium international
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Critérium International (virun 1981: Critérium National (de la Route)) ass eng Vëloscourse a Frankräich.
Dës Course ass vun 1932 bis 1962 a vun 1967 bis 1977 an engem Dag gefuer ginn. D'selwecht wéi an de Joren 1963 bis 1966 gëtt zanter 1978 d'Course an dräi Etappe gefuer an dat a Form vun enger Flaachetapp, enger Biergetapp an engem Eenzelzäitfueren.
Vun 1941 bis 1943 goufen all Joer zwou Coursse gefuer: eng an der besaten Zon an déi aner an der net besaten Zon.
Bis 1977 konnten nëmme franséisch Cycliste beim Critérium National matfueren.
Vun 1978 un hunn och auslännesch Cyclisten däerfen un den Depart goen a vun 1981 war et de Critérium International.
Tëscht 1978 an 1984 war de Lucien Didier siwemol um Depart an huet sech fënnefmol klasséiert. Seng bescht Plaz huet hien 1981 gemaach, wéi e 34. am Generalklassement gouf. 1982 an 1984 huet e missen opginn.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit vum Critérium International
- Resultater vum Critérium International op der Websäit vu Mémoire du Cyclisme
- ↑ 1,0 1,1 gouf deklasséiert « Armstrong verléiert seng siwen Tier », op lequipe.fr, (consulté le 22 octobre 2012)