D'Weesekanner op der Schueberfouer

Vu Wikipedia
D'Weesekanner op der Schueberfouer
Film
Produktiounsland Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Première 1936 (Originalversioun)
1998 (restauréiert Versioun)
Dauer 10 min (restauréiert Versioun)
Originalsprooch Originalversioun: ouni Toun
Restauréiert Versioun: Lëtzebuergesch, Däitsch
Ekipp
Regie Pierre Bertogne
Fotografie Pierre Bertogne an Alfred Heinen
Musek Restauréiert Versioun: Jeannot Sanavia
Schnëtt Restauréiert Versioun: Stéphane Caboche
Produzent Restauréiert Versioun: Joy Hoffmann a Viviane Thill
Produktiouns-
gesellschaft
Restauréiert Versioun: CNA
Schauspiller
keng (Documentaire)

D'Weesekanner op der Schueberfouer, an der deemoleger Schreifweis D'Wésekanner op der Schueberfo'er, ass e lëtzebuergeschen Documentaire a Kuerzfilm vum Pierre Bertogne aus dem Joer 1936.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film weist wéi ronn 420 Weesekanner aus dem ganze Land en Nomëtteg op der Stater Schueberfouer verbréngen. D'Kanner aus den Heemer vun den Elisabethinnen an de Schwëstere vun der Doctrine chrétienne maachen eng éischt Etappe beim Roude Pëtz, wou se vun der Confiserie François Bertogne an der Groussgaass Séissegkeete geschenkt kréien. Op d'Schueberfouer kommen och d'Kanner aus den Heemer vun Izeg a Gréiwemaacher dobäi an et gesäit ee Perséinlechkeeten aus där Zäit, déi den Oeuvre des orphelins luxembourgeois ënnersëtzt hunn, dorënner de Siggy vu Lëtzebuerg (Lucien Koenig). Da gesäit een d'Kanner op de mechaniséierte Spiller, wéi engem Karussell oder de Virgänger vun de Knuppautoen, a beim Zirkus. Gewise ginn och d'Frittebud vum Josy Comes a Stänn mat Séissegkeeten.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

De speziellen Dag op der Schueberfouer fir d'Weesekanner gouf schonn zënter 1919 all Joer organiséiert. De Pierre Bertogne huet d'Opnamen de 4. September 1936 gemaach. Hie war de Jong vum François Bertogne, deen d'Confiserie an der Groussgaass hat, an hat selwer e Fotosbuttek e puer Meter méi wäit an der selwechter Strooss. Aner Zeene goufe vum Pierre Bertogne a sengem laangjärege Mataarbechter Alfred Heinen festgehalen.

De Film zielt zu den éischte faarwege Filmopnamen zu Lëtzebuerg.

De Centre national de l'audiovisuel (CNA) huet de Film 1998 nei zesummegeschnidden a vertount, gläichzäiteg mat dem Evy Friedrich sengem La journée des orphelins (1931). An déi restauréiert Versioun goufen och e puer Opnamen vu der Schueberfouer aus dem Joer 1929 vum Mathias Quaring agebaut. Zu de vum Quaring gefilmten Zeenen zielen och déi vun enger Vëlkerschau, bei där afrikanesch Männer, Fraen a Kanner als Attraktioun "ausgestallt" goufen.

An der restauréierter Versioun ass den Ed Kohl de Spriecher. Och dem Alex John seng Stëmm ass ze héieren; hie liest Auszich aus der lëtzebuergescher Press op Däitsch vir. D'historesch Nofuerschunge fir den CNA huet de Paul Lesch gemaach.

Déi restauréiert Versioun gouf 1998 op der Televisioun am Kader vun der Emissioun Films Made in Luxembourg - Biller aus Lëtzebuerg gewisen.[1] 1999 gouf de Film an der Maison du Grand-Duché de Luxembourg zu Bréissel gewisen. Dofir huet de CNA eng Versioun op Franséisch produzéiert.[2]

De Film[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 187
  2. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 195