Düsefliger

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Eng Heinkel He 178 als éischte Düseflieger
Me 262 mat bausse leiende Straldreifwierker um Fligel
Moderne Learjet 60 Geschäftsreesfliger mat bausse leiende Straldreifwierker

Düsefliger si Fliger, déi mat Straldreifwierker duerch de Réckstoussundriff fléien.

Düsefliger, Düsejet an Jet sinn déi geleefeg Bezeechnungen dofir. Düsejet ass en Pleonasmus, well de Wuertdeel Jet steet fir Straldreifwierk oder Düs, soudatt d'Undriffsaart zweemol uneneegereit gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufäng[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Fliger mait enger Mëschung aus Stral- a Kolwendreifwierk, Coanda-1910, gouf 1910 vum rumäneschen Ingenieur Henri Marie Coandă gebaut. Et gouf op der zweeter internationaler Loftfaartausstellung zu Paräis am Oktober 1910 virgestallt, war awer am Dezember 1910 accidentéiert. D'Konzept gouf dorophin ufanks net méi wieder gefouert.

Déi éischt Düseflieger goufe vun 1936 no Iddien vum Hans von Ohain fir d'Militär entwéckelt. Si sinn fir d'éischt an Däitschland geflunn (Heinkel He 178 den 27. August 1939 zu Rostock-Marienehe), an Italien den 28. August 1940 (Campini-Caproni C.C.2) an a Groussbritannien de 15. Mee 1941 (Gloster E.28/39). Et handelt sech hei ganz nach ëm Ënnerschallfliger. Den éischten Düsejeeër vun der Welt, dee militäresch agesat gouf, war déi an Däitschland entwéckelt Messerschmitt Me 262. Dee vum Albert Speer mat dësem Fliger am Fréijoer 1945 gewollten éischten Passagéierfluch vun der Welt an engem Düsefliger (vu Berlin no Essen) gouf wéinst der héijer Gefor duerch feindlech Fliger net duerchgefouert.[1]

Nokrichszäit[änneren | Quelltext änneren]

No 1945 goufen Düsefliger och fir d'zivil Loftfaart konstruéiert. Als éischt Fluchgesellschaft hat d'BOAC d'De Havilland DH.106 Comet agesat, déi den 27. Juli 1949 hiren éischte Fluch hat. No enger Accidentserie huet d'Muster iwwerschafft ginn an d'Feld de Fliger wéi der Tupolew Tu-104 an der Boeing 707 iwwerlooss ginn. Den éischten zivilen däitschen Düsefliger war déi 1958–1961 zu Dresden entwéckelt 152, déi awer wéinst wirtschaftlecher, politescher an technescher Problemer ni iwwer den Prototypenstatus eraus koum.

De 26. Abrëll 1948 war den éischten Iwwerschallfluch mat engem düsegedriwwene Juegdfliger, der F-86 Sabre, gelongen. Den éischten Iwwerschallfluch iwwerhaapt war den 12. Oktober 1947, allerdéngs mat engem Rakéitefliger, der Bell X-1. Zanter dëser Zäit ginn Juegdfliger an der Regel als düsegedriwwen Iwwerschallfliger konzipéiert.

Weider Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Méi jonk Entwécklungen sinn beispillsweis d'Boeing 747, déi ënner dem Numm Jumbojet 1970 d'Zäitalter vun de Groussraumfliger ageleet hunn; déi dräistraleg (jeeweileg een Dreifwierk u jiddfer Fligel an een am oder ënner dem Säiteleetwierk) Groussraumfliger vun den Typen McDonnell Douglas DC-10 an Lockheed L-1011 TriStar oder dem zweestäckege Airbus A380. Déi franséisch-britesch Concorde an déi sowjetesch Tupolew Tu-144, déi schonns den 31. Dezember 1968 an domat zwee Méint virun der Concorde hiren éischte Fluch absolvéiert hat, waren déi eenzeg zivil Iwwerschallfliger.

Besonnesch grouss Stéckzuelen erreeche Modeller fir de Kuerz- a Mëttelstreckeverkéier, wéi historesch déi franséisch Caravelle, d'Boeing 727 oder d'Douglas DC-9 (inklusiv hirer Weiderentwécklung McDonnell Douglas MD-80), oder haut Boeing 737 an den Airbus A320.

Am Passagéierverkéier op kuerz Distanzen hunn Düsefliger d'Propellerfliger net vollstänneg verdrängt; do gi mat moderne Turboprop-Undriwwer ausgeriichte Passagéierfliger (z. B. d'ATR-Serie) weider agesat an och gebaut.

Och am Geschäftsreesverkéier sinn déi kleng „Jets“ zanter Jorzéngten vertrueden, beispillsweis mam Learjet. Do stinn Varianten a praktesch alle Gréissten zur Dispositioun; souguer interkontinental Flich kënnen duerchgefouert ginn (Gulfstream G500, Bombardier-Global-Familie, Falcon 7X).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Albert Speer, Spandauer Tagebücher, 22. Oktober 1952