Drosera rotundifolia

Vu Wikipedia
Drosera rotundifolia
Drosera rotundifolia
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Caryophyllales
Famill Droseraceae
Gattung Drosera
Aart Drosera rotundifolia
Wëssenschaftlechen Numm
Drosera rotundifolia
L.

D'Drosera rotundifolia ass eng Planzenaart vun der Famill vun den Droseraceae. Et ass eng karnivor Planz, déi a Westeuropa rar ass.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et ass eng méijäreg Planz, déi sech aus enger sougenannter Wanterknosp (oder Hibernakel) entwéckelt an déi eng 5 bis 20 Zentimeter héich ka ginn. Si huet Blatstiller vun 1 bis 7 cm Längt, op deene ronnelzeg Blieder sinn, déi horizontal ausgestreckt sinn an en Duerchmiesser vun 0,5 bis 1,8 Zentimeter hunn. Op all Blat sëtzen eng 200 ganz reng roudelzeg Tentakelen, déi un hirer Spëtzt e pechecht Sekreet ausscheeden, mat deem Insekte gefaange ginn (Mustiken oder Mécken, geleeëntlech och alt méi grousser, wéi Päiperleken oder Libellen.

An dësem Sekreet sinn Enzymer, déi Eewäisser splécke kënnen a Seechomessesaier. Wann en Insekt gefaangen ass, da beweege sech d'Tentakelen an d'Mëtt vum Blat. No enger 2 Stonne rullt d'Blat sech zesummen, soudatt nach méi Verdauungsdrüsen a Kontakt mat der Beit komme kënnen. No e puer Deeg ass d'Verdauung eriwwer, an d'Blat gëtt nees flaach. Just de Chitinpanzer vun der Beit gëtt net verdaut.

Bléi[änneren | Quelltext änneren]

D'Drosera rotundifolia blitt vu Juni bis August un enger bis zwou, bis zu 30 cm héijen, eesäitegen Drauwe mat bis zu 25 wäissen, knapps 1 cm groussen, Bléien, déi nëmmen opginn, wa genuch Sonn ass.

Fruucht a Som[änneren | Quelltext änneren]

Den 1,5 mm laangen, spëndelfërmegen, brong-schwaarze Som gëtt a Kapsele produzéiert, an, well e kleng a liicht ass, meeschtens vum Wand verspreet.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Drosera rotundifolia kënnt bal iwwerall op der Nordhemisphär vir, vun Eurasien bis an Nordamerika, a bis erop an Alaska a Grönland. Si brauch eng sonneg Plaz, op naassem, liicht saierzegem Buedem ouni Kallek a mat wéineg Nierstoffer. Moueren oder Fiichtgebidder sinn dofir gëeegent.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den Charles Darwin huet d'Karnivorie vun där Planzenaart 1860 entdeckt an dee Phenomeen an de Joren duerno erfuerscht. 1875 koum säi Buch Insectivorous Plants eraus. Domat war dem Carl von Linné säin Dogma, datt Karnivorie bei Planzen "géint déi gëttlech Uerdnung vun der der Natur" wier, widderluecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Darwin, Charles: Insectenfressende Pflanzen, Stuttgart, 1876
  • Diels, Ludwig: Droseraceae, in Engler, A. (Hrsg.): Pflanzenr. 4, 112: 109, 1906
  • Barthlott, Wilhelm; Porembski, Stefan; Seine, Rüdiger; Theisen, Inge: Karnivoren, Stuttgart, 2004, ISBN 3-8001-4144-2
  • R. Düll/ H. Kutzelnigg: Taschenlexikon der Pflanzen Deutschlands. 7. Auflage, Quelle & Meyer-Verlag, 2011, ISBN 978-3-494-01424-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Drosera rotundifolia – Biller, Videoen oder Audiodateien