Entrange

Vu Wikipedia
Entrange
lb: Entreng
D'Kapell vun Entreng-Cité

D'Kapell vun Entreng-Cité
D'Kapell vun Entreng-Cité
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57330
Gemengecode 57194
Koordinaten 49° 24’ 48’’ N
      06° 06’ 18’’ O
Fläch  399 ha
Bevëlkerung  1.247 (2016)

Entrange (lb: Entréng) ass eng Gemeng am franséischen Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Ancien Régime war Entrange souwuel op administrativem wéi op reliéisem Plang mat der Gemeng Œutrange verbonnen. Allebéid hu se zu der Seigneurerie Escherange gehéiert, déi hirersäits vun der Abtei Neimënster vu Lëtzebuerg ofhoung.

Kapell vun Entrange

Am Joer 1970 gouf Œutrange an d'Gemeng Diddenuewen erageholl, an Entrange gouf sou eng onofhängeg Gemeng.[1]

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

Am Weste stéisst d'Gemeng Entrange un d'Gemeng Escherange, am Norden un d'Gemeng Kanfen an am Süden un d'Uertschaft Éitreng an der Gemeng Diddenuewen.

Minièren[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1899 d'Minière Charles Ferdinand opgemaach huet, gouf dat soziaalt Liewen am Dierfchen zimmlech gerëselt. Et koum zum Bau vun Aarbechterkolonien an enger Kapell, déi no bei der Minière gebaut goufen, e Strapp ewech vum alen Duerfkär.

Haut[änneren | Quelltext änneren]

Zanter d'Minière 1979 zougemaach huet, schafft eng Majoritéit vun den Awunner op der EDF-Zentral vu Kettenuewen, zu Diddenuewen oder zu Lëtzebuerg, dat eng Dose Kilometer wäit ewech ass.

Sport a Fräizäit[änneren | Quelltext änneren]

Entrange huet eelef Veräiner mat iwwer 800 Memberen, dorënner

  • Amifort Entrange, déi sech ëm déi sëllege Fortifikatioune ronderëm Entrange këmmert
  • A.S. Entrange, de Foussballclub

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Un peu d'histoire" op entrange.fr.