Epsilon
Ausgesinn
Den Epsilon (griicheschen Neutrum, Majuskel Ε, Minuskel ε oder ϵ) ass de 5. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet e numeresche Wäert vu 5.
Urspronk
[änneren | Quelltext änneren]D'Zeechen E kënnt vum phenizesche Buschtaf „he“ a gouf vun de Griiche fir de Vokal „E“ gebraucht. Den Numm (gr.) bedeit „einfacht“ oder „entbléisst“ (géintiwwer der Buschtawekombinatioun „αι“, déi zanter der hellenistescher Zäit de selwechte Lautwäert huet).
Den Epsilon am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- An der Mathematik déngt ε fir d'Bezeechnung vun enger belibeg klenger Zuel déi méi grouss ass wéi Null. Sou eng Zuel gëtt an der Analys bei der Definitioun vu Grenzwäerter wéi Supremum an Infimum gebraucht. Dat Gebitt gëtt dofir och als „Epsilontik“ bezeechent.
- An der Mathematik beschreift ε(x) eng Heaviside-Funktioun.
- An der Mathematik steet ε fir déi numeresch Exzentrizitéit.
- An der Geometrie gebraucht een ε dacks fir e klenge Wénkel.
- An der Tensorrechnung bezeechent de klengen Epsilon d'Levi-Civita-Symbol.
- An der Informatik bezeechent de klengen Epsilon dat eidelt Wuert.
- An der Physik bezeechent de klengen Epsilon d'Permittivitéit, d'Leeeschtungszuel an den Emissiounsgrad.
- An der Astronomie bezeechent de klengen Epsilon d'Schréi vun der Ekliptik.
- An der Technescher Mechanik bezeechent de klengen Epsilon d'Deenung.
- Bei Verbrennungsmotore bezeechent de klengen Epsilon d'Verdichtungsverhältnes.
- An der Chimie bezeechent de klengen Epsilon den Extinktiounskoeffizient.
- An der Vollekswirtschaftsléier gebraucht een ε dacks fir d'Akommenselastizitéit souwéi fir de reale Wiesselcours, definéiert duerch: ε = nominelle Wiesselcours * Präisniveau Am Land / Präisniveau am Ausland.