Eurobus (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Schëld vu enger Bushalt mam „Eurobus“-Zeechen (2013)

Ënnert dem Numm Eurobus waren eng Rëtsch Buslinne gruppéiert, déi an der Stad Lëtzebuerg op engem gemeinsamen Trajet tëscht der Gare oder der Uewerstad an dem Kierchbierg gefuer sinn.

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

Mam Wiessel vum Bus-Fuerplang den 10. Juni 2001 war d'Iddi opkomm fir eng performant Busverbindung tëscht der Diddenuewener Strooss zu Bouneweg an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg unzebidden. Déi zwéin Acteuren vum ëffentleche Bustransport an der Stad, d'Gemeng Lëtzebuerg (AVL) an den Transportministère (RGTR), hunn dunn zesumme verschidde Buslinnen definéiert déi ënner dem Numm Eurobus op der genannter Streck gefuer sinn. Et waren deemools d'Linnen 16, 125 an 192.

Am Laf vun der Zäit koum et zu verschiddenen Ännerunge wat d'Linnen ugaangen ass an de gemeinsamen Trajet vum Eurobus war éischter d'Stéck tëscht der Uewerstad an dem Kierchbierg.

Wéi den Tram vum 10. Dezember 2017 un um éischten Deel vu senger Linn gefuer ass, goufen d'Buslinnen um Kierchbierg all ëmgeleet a sinn net méi iwwer d'Avenue John F. Kennedy, mä gréisstendeels iwwer de Boulevard Konrad Adenauer gefuer. Vun deem Moment un ass och net méi vum Eurobus, mä vu „periurbane“ Linne geschwat ginn[1].

Linnen déi zum Eurobus gehéiert hunn[änneren | Quelltext änneren]

Halten op den Eurobuslinnen[änneren | Quelltext änneren]

Gemenkerhand gëllt eng Reegelung, déi et verbitt RGTR-Linne fir Trajete bannent der Stad Lëtzebuerg ze benotzen: op den Halten an der Stad däerf een nëmmen an de Bus era klammen op den Trajeten déi aus der Stad eraus féieren an ëmgedréint däerf een nëmmen eraus klamme wann de Bus aus der Regioun an d'Stad era fiert.

Dës Reegelung huet net fir d'Eurobuslinne gegollt, sou datt déi och fir Verbindunge bannent der Stad benotzt konnte ginn.

Mëttlerweil besteet déi Reegelung och net méi op enger Partie aneren RGTR-Linnen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurobus (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Good Morning Mobilitéit“ - Dokument vun der Pressekonferenz vum 1. Dezember 2017, Säit 25