Europamonument bei Ouren

Vu Wikipedia
Europamonument bei Ouren
Typ Monument
Land Belsch, Lëtzebuerg
Gemeng Buerg-Räiland, Klierf
Plaz Dräilännereck Belsch–Däitschland–Lëtzebuerg, Ouren, Léiler
Koordinaten 50°7'49"N, 6°8'9"O

D'Europamonument bei Ouren ass e Monument am belsch-däitsch-lëtzebuergeschen Dräilännereck, tëscht Léiler an Ouren, dat un d'Ënnerschrëft vun de Réimeschen Traitéen, de 25. Mäerz 1957 erënnert, déi zur Grënnung vun den Europäesche Gemeinschafte gefouert hunn.

Et gouf ronn 20 Joer no der Grënnung, den 22. Oktober 1977 op Initiativ vun der Europäische Vereinigung für Eifel und Ardennen ageweit. Méi genee steet et e puer Meter vun der Our ewech, zu zwee Drëttel op belschem an engem Drëttel op lëtzebuergeschem Territoire[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi, am Dräilännereck e Monument opzeriichten, geet op de fréiere Klierwer Buergermeeschter an Deputéierte Georges Wagner (1900 - 1994) zeréck, deen och President vun der Europäische Vereinigung für Eifel und Ardennen (EVEA) war. Nodeems d'Terraien op béide Säite kaaft gi waren, gouf e Concours fir d'Monument ausgeschriwwen.

Déi hallef Dosen Iddien, déi agereecht goufen - dorënner Kugelen, Obelisken a Kryptaen, wieren ze opwänneg oder ze deier am Ënnerhalt gewiescht, a sou gouf e Projet vun engem lokalen Architekt zeréckgehalen, véier stenge Bléck aus de véier Länner vun der EVEA opzestellen, mat drop den Nimm vum Joseph Bech fir Lëtzebuerg, Paul-Henri Spaak fir d'Belsch, Robert Schuman fir Frankräich a Konrad Adenauer fir Däitschland.

De Lëtzebuerger Steen ass e Kallekstee vu Rëmeleng, dee belschen e Schiferblock vun no bei Beho, dee franséischen e Batz Bloe Steen aus de franséischen Ardennen an deen däitschen e 7,5 Tonne schwéiere Quarzitstee vun Ahrweiler. E fënnefte Steen aus der Géigend vu Sedan koum an d'Mëtt, fir un d'Ënnerschrëft vun de Réimeschen Traitéen z'erënneren, mat drop den Nimm vun deenen, déi s'ënnerschriwwen hunn[2].

E puer Joer no der Aweiung gouf d'hëlze Bréck vun der däitscher Säit eriwwer vu Rheinland-Pfalz duerch eng méi zolidd Konstruktioun ersat, a gouf nom Georges Wagner genannt[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europamonument bei Ouren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. europadenkmal.eu; gekuckt 12.09.2020.
  2. 2,0 2,1 Europdenkmal Brochure op evea.international (gekuckt: 12.09.2020).