Eurotransplant

Vu Wikipedia
Déi dräi Transplantatiounsnetzwierker an Europa: Eurotransplant (blo), Scandiatransplant (gréng) a Balttransplant (rout)

Eurotransplant ass eng international Organisatioun, déi den Austausch vun Organspenden an d'Zoudeelung vun de Spenderorganer an aacht europäesche Länner koordinéiert.

Si huet de rechtleche Statutt vun enger Stëftung mat vollem Numm Eurotransplant International Foundation an hire Sëtz ass zu Leiden an Holland.

Déi lëtzebuergesch Koordinatiounszentral fir Transplantatiounen a Prelevementer ass d'Associatioun Luxembourg-Transplant.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eurotransplant ass dat eelst a gréisst Transplantatiounsnetzwierk an Europa. Et gouf 1967 op Initiativ vum hollänneschen Immunolog Dr. Jon van Rood gegrënnt, engem Pionéier um Gebitt vun der Organtransplantatioun. Deemools hunn 12 Transplantatiounszentren an dräi Länner fräiwëlleg zesummegeschafft an Informatiounen iwwer hir Transplantatiounskandidate mat Eurotransplant gedeelt. All Organspender an deenen Zentrume goufen Eurotransplant matgedeelt, fir esou de Patient op der Waardelëscht z'identifizéieren, deen de beschte Match mam Organspender ass. Déi Prozedur huet zu enger bedeitender Verbesserung vun den Iwwerliewenschance vum transplantéierten Organ gefouert.[2]

D'Netzwierk ass séier gewuess a schonn Enn der 1970er waren Transplantatiounszentrumen a sechs Länner bedeelegt: Éisträich, Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Schwäiz a Westdäitschland. D'Schwäiz huet sech schlussendlech zeréckgezunn, mee 1991, no der däitscher Vereenegung, koumen och déi "nei" Bundeslänner aus der fréierer DDR derbäi, an duerno nach Slowenien (1999), Kroatien (2007) an Ungarn (2013). Domat ass Eurotransplant fir d'Organspenden an enger Regioun mat ongeféier 137 Milliounen Awunner verantwortlech.[2]

Am Ufank huet Eurotransplant just d'Transplantatioun vun Niere koordinéiert. An den 1970er koumen dunn och Lieweren derbäi, an e puer Joer méi spéit och Häerzer a Bauchspeicheldrüsen. 1988 gouf mat der Allocatioun vu Longen ugefaangen, an 1999 gouf mat Daarmtransplantatiounen ugefaangen.[2]

An den éischte 40 Joer vun hirem Bestoen, tëscht 1967 an 2007, huet Eurotransplant iwwer 122.000 Persounen zu engem Spenderorgan verhollef.[3]

Eurotransplant a Luxembourg-Transplant[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg ass zënter 1977 Member vun Eurotransplant. Déi éischt gespent Niere goufen den 30. Mäerz 1977 am Centre Hospitalier de Luxembourg erausgeholl. 1980 huet den Dokter Stanislas Lamy déi éischt Nierentransplantatioun zu Lëtzebuerg gemaach. Dat war tëscht Membere vun der selwechter Famill; zwee Joer méi spéit war déi éischt Transplantatioun tëscht zwou Persounen, déi net Famill matenee waren.[4]

Op politeschem Niveau gouf de 25. November 1982 e legale Kader fir de Prelevement vu Substanze mat mënschleschem Ursprong kreéiert.[5],[6] Am August 1983 huet e Groussherzoglecht Reglement d'Critère fir de Gehierdoud festgehalen.[7]

1983 gouf och d'ASBL Luxembourg-Transplant gegrënnt, déi déi national Acteure vun der Organstransplantatioun zesummebréngt. Wéi den Dr. Lamy 2009 mat der Aarbecht opgehalen huet, gouf et keen Nofollger an all d'Transplantatiounsaktivitéiten am Land hunn opgehalen. Zënterhir mussen d'Lëtzebuerger dofir nees an d'Nopeschlänner goen[4]. Luxembourg-Transplant existéiert a schafft awer weider. An den dräi Jorezéngte virun 2009 goufen zu Lëtzebuerg tëscht 160 an 180 Nieren transplantéiert[8].

2002 gouf et aacht doudeg Organspender zu Lëtzebuerg, am Verglach mat 844 an Däitschland, 309 an der Belsch, 285 an Holland an 198 an Éisträich. 105 lëtzebuergesch Patiente stoungen op der Waardelëscht fir eng Transplantatioun an engem auslänneschen Zentrum, a 35 Lëtzebuerger Residente kruten en Organ an engem Zentrum am Ausland[9].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. sante.lu: Luxembourg-Transplant et Eurotransplant
  2. 2,0 2,1 2,2 eurotransplant.org: History and timeline
  3. gouvernement.lu: 40 années d'Eurotransplant: Mars Di Bartolomeo à une réunion sur la situation actuelle et les perspectives du don d'organe transfrontalier en Europe (23. September 2007)
  4. 4,0 4,1 Le docteur Stanislas Lamy et l’histoire de la transplantation rénale au Luxembourg vum Dr. François Hentges
  5. sante.lu: Loi du 25 novembre 1982
  6. Legilux: Loi du 25 novembre 1982 réglant le prélèvement de substances d'origine humaine
  7. Legilux: Règlement grand-ducal du 10 août 1983 déterminant les procédés à suivre pour constater la mort en vue d'un prélèvement.
  8. gouvernement.lu: "Wir dürfen nicht nachlassen", Interview vum Gesondheetsminister Étienne Schneider am Tageblatt (29. Mäerz 2019)
  9. gouvernement.lu: Journée mondiale du don d'organes (17. Oktober 2023)