Eurovision Song Contest 1962
7. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 18. Mäerz 1962 |
Stad | Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) |
Gebai | Villa Louvigny |
Gewënner | Isabelle Aubret (Frankräich) |
Zuel vu Länner | 16 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Mireille Delannoy |
Interval Act | Achille Zavatta |
Ofstëmmungsreegel | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat 3, 2 an engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
De 7. Eurovision Song Contest (offiziell den Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 18. Mäerz 1962 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Villa Louvigny zu Lëtzebuerg. Presantatrice war d'Mireille Delannoy.
Et si keng Ännerunge gi bei de Länner déi matgemaach hunn. Dofir ass d'Zuel vun de Länner bei 16 bliwwen.
De Fud Leclerc aus der Belsch huet fir déi véiert Kéier matgemaach, koum awer just op déi lescht Plaz.
Dat däitscht Lidd Zwei kleine Italiener ass e grousse kommerziellen Erfolleg fir d'Sängerin Cornelia Froboess ginn, obwuel et nëmmen déi sechst Plaz erreecht hat.
Et ass nees eng Ännerung gi bei der Ofstëmmung: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils 3, 2 an 1 Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Lëtzebuerg iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Isabelle Aubret mat 13 Punkte Virsprong virum François Deguelt (Monaco). Déi drëtt Plaz krut de Camillo Felgen, dee fir d'Lëtzebuerg ugetruede war.
Klassement
[änneren | Quelltext änneren]Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|
1. | Frankräich | Isabelle Aubret | Un premier amour | 26 |
2. | Monaco | François Deguelt | Dis rien | 13 |
3. | Lëtzebuerg | Camillo Felgen | Petit bonhomme | 11 |
4. | Jugoslawien | Lola Novaković | Ne pali svetla u sumrak | 10 |
4. | Groussbritannien | Ronnie Carroll | Ring-a-Ding Girl | 10 |
6. | Däitschland | Cornelia Froboess | Zwei kleine Italiener | 9 |
7. | Finnland | Marion Rung | Tipi-tii | 4 |
7. | Schweden | Inger Berggren | Sol och vår | 4 |
9. | Italien | Claudio Villa | Addio, addio | 3 |
10. | Dänemark | Ellen Winther | Vuggevise | 2 |
10. | Norwegen | Inger Jacobsen | Kom sol, kom regn | 2 |
10. | Schwäiz | Jean Philippe | Le retour | 2 |
13. | Belsch | Fud Leclerc | Ton nom | 0 |
13. | Spuenien | Víctor Balaguer | Llámame | 0 |
13. | Éisträich | Eleonore Schwarz | Nur in der Wiener Luft | 0 |
13. | Holland | De Spelbrekers | Katinka | 0 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Cannes (Frankräich) | London (Groussbritannien) | |
---|---|---|
ESC 1961 | Eurovision Song Contest | ESC 1963 |