Félix Dufays

Vu Wikipedia
Félix Dufays
Gebuer 6. Mäerz 1877
Lëtzebuerg
Gestuerwen 13. Juni 1954
Märjendall
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Missionnaire, kathoulesche Priister, Filmmécher, Schrëftsteller, Lexikograph

De Félix Dufays, gebuer als Jean-Pierre Félix Dufays de 6. Mäerz 1877 an der Stad a gestuerwen den 13. Juni 1954 am Mariendall[1], war e lëtzebuergesche Missionnaire vun de Wäisse Pateren am Ruanda an am Burundi, dee sech och als Schrëftsteller, Lexikograph, Ethnolog a Cineast en Numm gemaach huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Dufays huet wärend senger Kandheet a senger Jugend zu Hollerech gelieft.

1890 ass hie bei de Wäisse Pateren am Märjendall agetrueden an ass vun do u just nach mat sengem 2. Virnumm Félix bekannt. 1892 ass hien zu Alger an de Lycée Saint-Eugène gaangen, wou hien de Grënner vum Uerden, de Kardinol Charles Martial Lavigerie perséinlech kenne geléiert huet. Nom Ofschloss vu sengem Secondaire zu Mechelen an zu Lille huet hie Philosophie a Frankräich zu Binson studéiert an Theologie zu Alger an zu Karthago, wou hien 1903 zum Priister geweit gouf.

Hie goung an déi deemoleg däitsch Kolonie Ruanda an huet versicht d'Roll vun engem Kierchemann an engem Kolonisator ënner een Hutt ze bréngen. 1913 gouf hien als Missionaire kierchleche Verwalter am Burundi ernannt. Vun 1923 bis 1927 war hie Paschtouer a verschiddene Missiounsstatiounen.

No enger kuerzer Zäit zu Heston am Vereenegte Kinnekräich huet hie sech an de Studioe vun Épinay am Norde vu Paräis zum Filmmécher ausbilde gelooss.

Nom Zweete Weltkrich ass hien an d'Klouschter Märjendall zeréckkomm. Do war hei verantwortlech fir den neie Seminaire fir spéider Missionairen an Afrika.

Duerch hien huet d'Klouschter vun de Wäisse Patere sech un der Kolonialausstellung vum Belsche Kongo bedeelegt, déi 1949 am Cercle war[2] a fir déi vill Reklamm gemaach gouf[3].

Verëffentlechungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lied und Gesang bei Brautwerbung und Hochzeit in Mulera-Ruanda, 1909
  • Wörterbuch Deutsch-Kinyarwanda, 1912
  • Pages d'épopée africaine. Jours troublés, 1928
  • Les Enchaînés. Au Kinyaga,1939
  • Le Calvaire de Cosma-Benda, 1948, Roman, deen 1955 och ënner dem Titel La Rançon du crime eraus koum

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • De Dakar à Gao, 1930
  • Sahara, terre féconde, 1933[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ein Missionarsleben. Luxemburger Wort (18.6. 1954). Gekuckt de(n) 11.1.2021.
  2. Ons Stad, 96-2011, S. 27. Gekuckt de(n) 12.1.2023.
  3. Jeder Luxemburger soll die Kolonialausstellung in Cerclegebäude besuchen. Luxemburger Wort (15.6.1949). Gekuckt de(n) 12.1.2023.
  4. Paul Lesch, Sahara, terre féconde (1933) A Missionary Film Directed by White Father Félix Dufays. ORBilu (2012). Gekuckt de(n) 12.1.2023.