Fritz Schneider

Vu Wikipedia
Fritz Schneider
Gebuer 18. Januar 1900
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 17. Oktober 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei KPL

De Fritz (François) Schneider, gebuer den 18. Januar 1900 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 17. Oktober 1955 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer a Politiker.[1]

De Professer am Atheneum[änneren | Quelltext änneren]

No der Première huet Fritz Schneider fir d'éischt Medezin studéiert, dono awer op d'Naturwëssenschaften ëmgesuedelt. Am Mäerz 1923 huet hien zu Lëtzebuerg den Doktoratsexamen (Spezialitéit: Biologie) gepackt. Hie gouf Stagiaire am Atheneum, wou hie seng ganz Carrière als Enseignant gemaach huet. Seng Nominatioun als Professer krut hien den 30. September 1929. Hien huet Biologie a Geographie enseignéiert,

De Sozialist[änneren | Quelltext änneren]

De Fritz Schneider war politesch lénks engagéiert. Bei de Gemengewale vum Oktober 1934 huet hien an der Stad op der Lëscht vun der Aarbechterpartei kandidéiert; seng Partei krut siwe Sëtz, hien hat sech als néngte klasséiert. Wéi am November 1937 de René Blum an de Pierre Krier Minister gi sinn, ass hien den 22. November 1937 als Conseiller an de Stater Gemengerot nogerutscht.

De Kommunist[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vum 7. Oktober 1945 huet de Fritz Schneider op der Lëscht vun der kommunistescher Partei (KPL) kandidéiert, déi zwéi Sëtz krut, mam F. Schneider als Éischtgewielten an dem Dr. Charles Marx als Zweetgewielten. De F. Schneider gouf Schäffen am neie Schäfferot, an deem all d'Parteie vertruede waren an dee vum 1. Januar 1946 mat dem Buergermeeschter Gaston Diderich un der Spëtz funktionéiert huet. Am Oktober 1947 huet de F. Schneider als Schäffen demissionéiert, ass awer Conseiller bliwwen. Am September 1950 huet hien och säi Mandat als Conseiller opginn.

Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 war de F. Schneider am Walbezierk Zentrum als Eenzegen op der Lëscht vun der KPL gewielt ginn. Als Staatsbeamte konnt hien awer säi Mandat net untrieden. A senger Plaz hätt eigentlech den Dr. Charles Marx an d'Chamber komme sollen, deen ass awer de 14. November 1945 Minister ginn, zwéin Deeg ier déi nei Chamber fir d'éischt zesummegetrueden ass. Well d'Claire Urbany zu Gonschte vun hirem am Süden gewielte Mann Dominique Urbany op hiert Mandat verzicht huet, ass schliisslech den Nic. Moes, de President vum FLA, dem «Freie Letzeburger Arbechterverband», als kommunisteschen Zentrumsdeputéierten an d'Chamber komm.[2]

De Sekretär vun der SNL[änneren | Quelltext änneren]

De Fritz Schneider ass am Oktober 1918 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn. Vum 25. Abrëll 1926 bis den 21. Dezember 1927 war hie Sekretär vum Veräin; säi Virgänger war den Edouard Pierret a säin Nofollger de Félix Heuertz.[3]

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Am Bulletin vun der SNL huet de Fritz Schneider an de Joren 1926-1927 e puer kleng Artikele publizéiert.[4] Bekannt ass hien als den Auteur vum Schoulbuch «Géographie du Grand-Duché de Luxembourg» (1952), dat am Secondaire um Programm stoung.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 82-84.
  2. Massard 2015, S. 84. Kuck och: Escher Tageblatt 1945-11-17, S. 1 (Die erste Arbeitstagung der neuen Kammer)[1].
  3. Massard 2015, S. 81.
  4. Massard 2015, S. 83. Kuck och: J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91, S. 364.
  5. Memorial N°13 vun 1951 mat enger Lëscht vu Leid éi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen