Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst
Ausgesinn
Typ | Gedenkplack |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Gare Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°35'59,309"N, 6°8'2,029"O |
Ageweit | 18. Oktober 2020 |
Material | Bronz |
D'Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst ass eng Gedenkplack an der Verrière vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg. Si erënnert drun, datt d'Nazien am Zweete Weltkrich 3.614 Lëtzebuerger Meedercher a Fraen haaptsächlech vun der Stater Gare aus an Däitschland gefouert hunn, wou se am Reichsarbeitsdienst (RAD) oder Kriegshilfsdienst (KHD) hu misse schaffen.
D'Plack gouf am Kader vum Nationale Kommemoratiounsdag den 18. Oktober 2020 vum Grand-Duc Henri a Presenz vum Premier Xavier Bettel an der Maisy Ginter-Bonichaux devoiléiert. D'Maisy Bonichaux ass eng vun de Iwwerliewenden, déi zum "Ehrendienst am deutschen Volk" gezwonge gi war.
Den Text op der Plack ass deen heiten:
- AM ZWEETE WELTKRICH SINN 3614 JONK
- LËTZEBUERGER FRAE VUN DEN NAZIEN
- AN DE „REICHSARBEITSDIENST”
- GEZWONGE GINN. ZUM GRÉISSTEN
- DEEL GOUFE SI VUN DËSER GARE AUS
- AN DÄITSCHLAND TRANSPORTÉIERT.
- 58 FRAE SINN AN DER FRIEMD
- GESTUERWEN.
Drënner steet den Text op Franséisch.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Zeremonie an der Gare
-
Ried vum Premier Xavier Bettel...
-
...a vun der Presidentin vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale
-
D'Plack gëtt devoiléiert
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- John Lamberty, „Schuften für den Führerstaat”, Luxemburger Wort 17. Oktober 2020, S. 42 an op wort.lu ënnert dem Titel „Luxemburger RAD-Mädchen: Frauen in Feindeshand”
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
- Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé
- Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gedenkplack fir d'Lëtzebuerger Fraen am Reichsarbeitsdienst – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Den Temoignage vun der Madamm Marie Bonichaux op rtl.lu den 18. Oktober 2020