George Rigaud

Vu Wikipedia
George Rigaud
Gebuer 11. August 1905
Buenos Aires
Gestuerwen 17. Januar 1984
Leganés
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Argentinien, Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller

De George Rigaud, gebuer als Pedro Jorge Rigato Delissetche den 11. August 1905 zu Buenos Aires an Argentinien a gestuerwen de 17. Januar 1984 zu Leganés a Spuenien, war e franséisch Schauspiller. Hien ass a senge Filmer och als Jorge Rigaud, Georges Rigaud, Giorgio Rigato a Jorge Regaud opgetrueden.

Dem Rigaud seng Eltere koumen aus Italien an aus dem Baskeland a waren an Argentinien ausgewandert. Am Joer 1914 koum d'ganz Famill erëm zeréck a Frankräich.

De Rigaud krut och a Frankräich am Joer 1931 seng éischt Roll beim Film. Bekannt Filmer aus den 1930 Jore mat him sinn:14 juillet (1933) vum René Clair an Une histoire d'amour (1933) vum Max Ophüls. Am Ufank vum Zweete Weltkrich goung hien iwwer Italien erëm zeréck an Argentinien. An Argentinie war hien als Schauspiller aktiv bis hien 1958 erëm zeréck an Europa koum. Vun do un huet hien haaptsächlech an italieeneschen a spuenesche Genrefilmer Niewerollen iwwerholl. Hie war an iwwer 200 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1932 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1980[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]