Georges Mischo

Vu Wikipedia
Georges Mischo
Gebuer 18. September 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Georges Mischo, gebuer den 18. September 1974[1] zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Hien ass zanter dem 14. November 2017 Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.

Hien huet eng éischt Kéier bei de Gemengerotswalen 2011 kandidéiert a gouf 2014 Member vum Escher Gemengerot. 2017 war hie Spëtzekandidat vu senger Partei a gouf opgrond vum Resultat vun de Gemengewale vum 8. Oktober Buergermeeschter an engem Schäfferot mat enger CSV-DP-déi Gréng-Majoritéit[2].

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien als Kandidat vun der CSV am Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt[3].

De Georges Mischo ass vu Beruff Sportsprofesser. Hien ass bestuet an huet 2 Kanner.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Sou uginn als Verwaltungsrotpresident vum Centre hospitalier Emile Mayrisch ënnert der Nummer G197 am Handelsregëster, publizéiert den 8. Februar 2018
  2. Resultater vun de Gemengewalen 2017
  3. elections.lu.