Germain Wagner
Germain Wagner | |
---|---|
Gebuer |
1. Dezember 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller |
De Germain Wagner, gebuer den 1. Dezember 1956 an der Stad Lëtzebuerg,[1]. ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
De Germain Wagner huet op der Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart Schauspill studéiert. Hie gouf noenee beim Stadttheater Ulm, dunn beim Theater am Neumarkt zu Zürich, de Städtischen Bühnen zu Freiburg im Breisgau, dem Staatstheater Hannover, zu Oberhausen, beim Schauspielhaus Zürich a beim Bayerische Staatsschauspiel München engagéiert.
Zu Lëtzebuerg huet hien am Kapuzinertheater, am Théâtre national du Luxembourg an am Kasemattentheater gespillt. Vum Kasemattentheater ass hien den Artisteschen Direkter. Hien hat och en Engagement beim Théâtre National de Nice.
Nieft dem Theater spillt de Germain Wagner reegelméisseg an Televisiouns- a Spillfilmer. Sou war hien z. B. 2005 am Volker Schlöndorff sengem Der neunte Tag ze gesinn, an 2008 a La traque vum Laurent Jaoui. 2011 hat hien eng vun den Haaptrolle an der lëtzebuergescher Sitcom Weemseesdet op RTL Télé Lëtzebuerg
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1992 Dammentour, vum Paul Scheuer
- 2000 Crazy, vum Hans-Christian Schmid
- 2001 Pinky und der Millionenmops, vum Stefan Lukschy
- 2001 Mädchen, Mädchen, vum Dennis Gansel
- 2002 Das Jahr der ersten Küsse, vum Kai Wessel
- 2002 De tweeling, vum Ben Sombogaart
- 2004 Mädchen, Mädchen 2 - Loft oder Liebe, vum Peter Gersina
- 2004 Der neunte Tag, vum Volker Schlöndorff
- 2006 Deepfrozen, vum Andy Bausch
- 2008 Luftbusiness, vum Luki Frieden
- 2010 Trouble no more, vum Andy Bausch
- 2011 Weemseesdet (TV-Serie)
- 2011 Tabu - Es ist die Seele ein Fremdes auf Erden vum Christoph Stark
- 2012 Doudege Wénkel, vum Christophe Wagner
- 2012 D'Symmetrie vum Päiperlek vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
- 2016 Die dunkle Seite des Mondes vum Stefan Rick
- 2016 Ein Sommer in Südfrankreich vum Jorgo Papavassiliou (TV-Film)
- 2018 Bad Banks vum Christian Schwochow (TV-Serie)
- 2019 De Buttek vum Luc Feit
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ G. Hausemer (2006): Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, S. 449.