Gréng Strooss Äifel-Ardennen

Vu Wikipedia
Gréng Strooss Äifel-Ardennen
offiziellen Numm Route verte Ardennes-Eifel
Lëtzebuerger Numm Gréng Strooss Äifel-Ardennen
vu(n) Sinzig Däitschland
op Rethel Frankräich
Längt 500 km
Land Däitschland,
Lëtzebuerg,
Belsch,
Frankräich

D'Gréng Strooss Äifel-Ardennen (och nach Gréng Strooss Ardennen-Äifel) ass eng ca. 500 km laang touristesch Streck, déi d'Äifel mat den Ardenne verbënnt. Se féiert vun Däitschland duerch Lëtzebuerg an d'Belsch bis a Frankräich. D'Streck ass haaptsächlech iwwer roueg Niewestroossen ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'europäesch Vereenegung fir d'Äifel an d'Ardennen ((de) Europäische Vereinigung für Eifel und Ardennen, EVEA) ass eng Asbl déi sech zanter den 1950er Jore fir d'Promotioun vum Äifel-Ardennen-Raum absënns an de Beräicher Wirtschaft an Tourismus, Kultur, Natur - a Landschaftsschutz grad ewéi fir Sport- a Jugendrencontren asetzt. Am Kader vun engem Projet fir d'Schafen an d'Stäerke vun engem europäesche Bewosstsinn huet d'EVEA Ufank vun den 1960er Joren d'Gréng Strooss Äifel-Ardennen an d'Liewe geruff. Zil heivu war fir déi kulturell Attraktiounen, d'gemeinsam Natur, den Tourismus an d'Frëndschaft iwwer d'Grenzen ewech kennen ze léieren an ze fërderen.

Dës Strooss, déi sengerzäit zesumme mat de jeeweilege kommunalen a regionale Verwaltunge finanzéiert a realiséiert gouf, féiert op enger Längt vu ronn 500 km vu Sinzig op Rethel. Jorelaang war se en ideaalt Instrument vun enger kollektiver Identitéit am Äifel-Ardennen-Raum.

Well d'Gréng Strooss an de leschte Joer awer ëmmer méi u Bedeitung verluer huet, virun allem well nach kaum Reklamm fir se gemaacht gëtt an och well eng Rëtsch Schëlter laanscht d'Strooss net méi ersat goufen, huet d'EVEA sech virgeholl der Grénger Strooss eng nei Bedeitung ze ginn, fir datt hir Bedeitung méi geschat gëtt an et doduerch zu enger besserer Zesummenaarbecht an Entwécklung an der Regioun kënnt[1].

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Sinzig - Ahrweiler - Kempenich - Müllenbach - Kelberg - Daun - Schalkenmehren - Manderscheid - Oberkail - Kyllburg - Béibreg - Sinspelt - Ruet op der Our (ca. 200 km).

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Veianen - (Dikrech) - (Houschent) - Housen - Klierf - Wolz - Esch-Sauer - Ueschdref - Roumecht (ca. 95 km).

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Maartel - Habay-la-Neuve - Bellefontaine - Villers-devant-Orval - Florenville - Herbeumont - Auby-sur-Semois - Cugnon - Mortehan - Bouillon (ca. 115 km).

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Bazeilles - Sedan - La Chesne - Attigny - Rethel (ca. 90 km).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Segschneider, Wolfgang, & Pechtold, Wolfgang. (1976). Eifel und Ardennen. Bad Neuenahr: Ahrtal-Verlag. (Band 1 . Entlang der grünen Strasse, Band 2 . Eifel und Ardennen)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gréng Strooss Äifel-Ardennen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Info Grüne Straße op evea.de, fir d'lescht gekuckt den 3. September 2019