Op den Inhalt sprangen

Grenzer Guiden a Scouten

Vu Wikipedia

D'Grenzer Guiden a Scouten, offiziell Lëtzebuerger Guiden a Scouten Helleg Baarbel Esch-Grenz (oder kuerz: Grenzer Scouten), sinn e Scoutsgrupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten am Quartier Grenz vun der Stad Esch-Uelzecht. De Grupp gouf 1918 gegrënnt an ass ee vun den eelste Scoutsgruppen am Land. Si hunn hier Versammlungen ënnert der Grenzerkierch wou wärend dem Zweete Weltkrich d'Resistenz géint den Naziregimm ugefaangen huet.

1913 gëtt den éischte Scoutsgrupp hei am Land an der Stad vum Professer Joseph Tockert gegrënnt. Dat selwecht Joer kënnt de Prosper Colling als éischte Paschtouer op Esch-Grenz mat der Aufgab, d'Par ze organiséieren. Wéi op villen anere Plazen am Land, grënnt hien 1917 e sougenannte “Jünglingsveräin”, wat deemools e Grupp an deem Jonge konnte verschidden Aktivitéite maachen. Ee Joer méi spéit proposéiert hien dem Kommitee vun dësem Veräin, eng Scoutssektioun ze grënnen. Den 1. Mee 1918 ass dann den offizielle Grënnungsdatum vun der Scoutssektioun “Sacré-Cœur”. Den Emile Koener gëtt éischte Sektiounsmaster (Gruppechef) vun dësem Grupp. Dat selwecht Joer ass och den éischte Camping zu Leideleng. Vun den Amerikaner kréien si e grousst Zelt, de Rescht vum Material schafe si selwer un. 1919 gëtt de Grupp als 5. Sektioun am Land an de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten opgeholl.[1]

Am Hierscht 1923 grënnt de Charel Rhein op der Grenz dat éischt Wëllefchersruddel am Land. De Charel gëtt éischten Akela a publizéiert déi éischt Wëllefcherszeitung „De Wëllefche vun Esch/Grenz“.

1933 gëtt de Jhang Müller neie Gruppechef. Ee Joer virdrun huet hie schonn den éischte Roverclan gegrënnt. 1937 huelen um leschte Jamboree virum Zweete Weltkrich zu Vogelenzang (Bloemendaal, Holland) 36 Scouten aus dem Grupp deel.

Fir den 20. Anniversaire ze feieren, organiséiert de Grenzer Grupp 1938 deen éischten nationalen Jamboree wou Scouten aus Frankräich, der Belsch, England, Holland, Liechtenstein, Polen, Estland an Éisträich deelhuelen, dorënner och de Prënz Emmanuel vu Liechtenstein.

Den 10. Mee 1940 marschéieren déi Däitsch a Lëtzebuerg an. Esch gëtt mat Hëllef vun de Scouten evakuéiert an de Grenzer Grupp féiert seng Aktivitéiten a Südfrankräich weider. Wéi déi éischt no 3 Méint aus der Evakuatioun zeréckkommen, treffen sech déi 3 Kommissäre Jhang Müller, Tony Noesen a Georges Everling fir ze beroden, wéi d'Scoutsaktivitéite kënne weidergoen.

Erënnerungsplack an der Kapell Notre-Dame de la Résistance an der Grenzerkierch.

De 15. August kommen d'Scoutscheffen aus dem Süddistrikt am Grenzer Wëllefcherssall zesumme fir hiert Scoutsverspriechen ze erneieren a sech d'Wuert ze ginn, dem Okkupant ze widderstoen. Et ass d'Grënnung vun der éischter organiséierter Resistenzorganisatioun am Land. Den 23. August ginn d'Guiden an d'Scoute verbueden. Déi Grenzer organiséiere weider verstoppte Versammlungen. Et gëtt sech awer geschwuer, d'Kanner net a Gefor ze bréngen. D'Scoutsresistenz ass ganz aktiv. Esou ginn zum Beispill Jongen, déi hätte sollten an d'Wehrmacht goen, an de Minne verstoppt, oder jiddesch Famillen iwwert d'Grenz geschleist. Eng ganz Rei vu Cheffe kommen a Gefaangenschaft a kommen eréischt 1945 nees heem.

Den 10. September 1944, nom Krich, sicht de jonke Posper Colling all d'Memberen zesumme fir am Oktober erëm Versammlungen halen ze kënnen. Well nach vill Cheffen net zeréck sinn, këmmeren sech e puer Rover ëm d'Leedung vun der Sektioun.

Gläichzäiteg huelen de Paschtouer Jean Engler an de Kaploun Georges Jacoby Kontakt mat der Josée Leider op, mat der Iddi fir op der Grenz déi éischt Escher Guidesektioun ze grënnen. D'Josée seet zou an de Grupp wiisst séier. Trotzdeem kréien d'Guiden eréischt mam Bau vum Ariston eege Säll.

1947 ass den éischte Jamboree nom Krich zu Moisson, bei Paräis, wou 11 Grenzer matmaachen. Am Juli vum nämmlechte Joer si 40 Grenzer Wëllefcher zu Paräis, wou si sech an d'Gëlle Buch vum Arc de Triomphe androen.

1951 gëtt de Fernand Frank Wëllefcherschef. Hie gëtt méi spéit Bëschof vu Lëtzebuerg.

1969 gëtt de Guy Weis neie Gruppechef . Vum Hierscht 1973 u funktionéieren offiziell eng Explorer- an eng Pionéiertrupp. D'Scoutsbranche gëtt opgedeelt an de Roger Richter gëtt éischte Pio-Truppechef. 1978 gëtt hien dann och Pionéierskommissär vum Land. Zu deem Moment stellt de Grenzer Grupp 3 vu 4 national Branchekommissäre mam Jos Molitor bei de Wëllefcher (net méi op der Grenz aktiv), dem Guy Weis bei den Explorer an dem Roger Richter bei de Pionéier. 1981 gëtt de Guy Weis dann zum Commissaire Général gewielt.

Schonn 1979 sinn d'Wichtelcher an d'Wëllefcher zesummen op de Camping gaangen, obwuel si nach getrennt Versammlungen haten. 1994 fusionéieren d'Guiden an d'Scouten. De Guy Weis gëtt Gruppechef vum nei fusionéierte Grupp an d'Christiane Wolter-Walisch, bis dohi Gruppecheftaine bei de Grenzer Guiden, gëtt Adjointe. De Grupp profitéiert dann och vun dësem Moment fir sech en neien Numm ze ginn: Helleg Baarbel Esch/Grenz. Dat selwecht Joer ass och de gréissten internationale Camp zu Lëtzebuerg, den Atlantis. Iwwer 5000 Guiden a Scouten aus der ganzer Welt huelen deel an de Guy Weis ass Campchef.

1998 gëtt de Marc Weis, dee méi spéit sollt Commissaire général ginn, neie Gruppechef.

Nodeems de Grupp vun Ufank u Membere vu verschiddenen Nationalitéiten hat, hat en 2016 fir déi éischt Kéier e Gruppechef mat auslännesche Racinnen, den Tit Sum Wong. 2022 gouf hien duerch de Rui Oliveira an den Dani Freitas ofgeléist.[1]

Déi verschidden Truppen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Grenzer Guiden a Scoute bidde Versammlunge fir 4 vun de 5 Truppen un. Si huele keng Biber op, dofir däerfen d'Wëllefcher schonn ee Joer éischter bei hinne matmaachen.

Wéchentlech Versammlunge gëtt et fir:

  • d'Wëllefcher, fir Kanner vu 7 bis 11 Joer
  • d'AvEx, fir Jonker vun 11 bis 14 Joer
  • d'CaraPio, fir Jugendlecher vu 14 bis 17 Joer.

D'RaRo, fir jonk Erwuessener vu 17 bis 23 Joer, hunn 1-2 Versammlungen am Mount, jee no den Disponibilitéite vun de Memberen.[2]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (lb)Gruppengeschicht | LGS - ESCH-GRENZ. Gekuckt de(n) 24.09.2024.
  2. (lb)Branchen | LGS - ESCH-GRENZ. Gekuckt de(n) 24.09.2024.